arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 27 Plaintë wéinst Harcèlement an Diskriminatioun géint Uni.lu zënter 2020

pARLAMENTARESCH FRO

|
headphones

1 min

27 Plaintë wéinst Harcèlement an Diskriminatioun géint Uni.lu zënter 2020

Tëschent 2020 an 2025 goufen et op der Uni.lu am Ganze 27 Plainten, ënnertanerem wéinst Harcèlement an Diskriminatioun. Dat äntwert d‘Héichschoulministesch Stéphanie Obertin op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Françoise Kemp.

headphones

1 min

Uni Lëtzebuerg um Belval, Esch-sur-Alzette | © Daniel Schoenen
Uni Lëtzebuerg um Belval, Esch-sur-Alzette (Foto: Daniel Schoenen)

Am Ganze gouf et an där Period 50 Licenciementer, véier dovu goufe bei der Justiz contestéiert.

Zwou vun deene véier Decisiounen, déi ugefecht goufen, hätten zu defavorabelen Entscheedunge fir d‘Uni.lu gefouert.

D‘Uni géif weiderhin déi intern Iwwerwaachungssystemer konsolidéieren, fir ee faire Personalmanagement ze garantéieren, preziséiert d‘Ministesch nach an hirer Äntwert.

Rezent goufen et Reprochë géint d‘Uni.lu vun Harcèlement, déi verschidde Professeren a Studente géint d‘Uni gemaach haten.