Zënter dem Hierscht waren ëmmer nees Reprochë géint d’Gouvernance an d'Ressources humaines vun der Uni public ginn – dorënner Harcèlement. D’Virwërf bezéien sech op déi lescht 5 Joer.
Bis elo ware vu verschiddenen Fakultéite Reprochen iwwer Fehlmanagement, systeemeschem Harcèlement an Intimidatioun un d’Ëffentlechkeet gedroe ginn. De Rektor vun der Universitéit sot, viru kuerzem hätt eng anonym Source 22 international Partner-Unie vun der Uni Lëtzebuerg kontaktéiert an opgefuerdert, d’Zesummenaarbecht ofzebriechen. Dat géif elo ganz aner Dimensiounen unhuelen, seet de Jens Kreisel.
"Dass das nicht nur nach aussen getragen wird, nach Luxemburg herein, sondern auch auf die internationale Ebene, ist natürlich schon ein weiterer Schritt. Aber da ich nicht weiss, wer das ist, kann ich auch keiner Intention irgendjemandem zuschlagen."
Oppositioun stellt Onofhängegkeet vum Audit a Fro
Am September 2025 waren éischten Artikelen an der Press opgetaucht. D’Héichschoulministesch Stéphanie Obertin sot si wier am November offiziell informéiert ginn. Dat fënnt den David Wagner vun déi Lénk net richteg.
"Et gi wierklech Schwieregkeeten, zum Beispill, datt d'Madamm Ministesch eréischt informéiert gëtt vu Schwieregkeeten, nodeems déi Leit eebe mussen an d'Ëffentlechkeet goen. Also dat ass schonn awer e Schrëtt. Do huet sech immens vill amonceléiert iwwer Joren."
Fir d’Affär ze kläre soll een externen Audit gemaach ginn. D’Oppositiounspolitiker kritiséieren, datt just d'Ressources humaines vun der uni.lu an dësem Audit sollen ënnert Lupp geholl ginn. Net awer d’Gouvernance. De Sven Clement vun de Pirate stellt d‘Onofhängegkeet vum Audit u sech a Fro.
"Wat mech irritéiert ass, datt deen Audit vun der Uni selwer an Optrag gi gëtt an net wierklech onofhängeg ass. Hei wäer et ubruecht gewiescht den Audit entweeder direkt un de Ministère an idealerweis souguer direkt de Rapport un d'Chamber ze maachen, fir datt wierklech och déi Onofhängegkeet garantéiert ass."
Dem Jens Kreisel no géif dat keng Contrainte mat sech bréngen. D’Universitéit wier geüübt dora grouss Auditen an Optrag ze ginn.
D’Joëlle Welfring vun déi gréng huet nach ze bedenke ginn, datt d’Uni um Belval an de leschte Joren extrem gewuess ass an déi Zitat "vertikal" Gouvernance misst iwwerschafft ginn.