D’Deputéiert vun déi gréng Djuna Bernard wollt an enger Question élargie wëssen, firwat Schüler aus ëffentlechen Europaschoulen aus der Scolaritéitsklausel ausgeschloss bleiwen, an nach een zousätzleche Sproochentest maache musse fir d’Nationalitéit ze kréien, obwuel si an der Schoul Lëtzebuergesch-Kueren absolvéieren.
Déi aktuell Sproochkuere géifen net garantéieren, datt d’Schüler de gefroten Niveau B1 am Héierverstoen an A2 am Schwätzen erreechen, esou den DP-Minister Claude Meisch. Deemno misst den aktuelle Curriculum ugepasst ginn.
"Ech denken, datt dat en Deel vun der Äntwert dozou soll sinn a muss sinn, datt nieft deem Automatissem, wou ech an eiser ganz normaler Lëtzebuerger Schoul siwe Joer gaange sinn a mer alleguerten dovun ausginn, datt ech deen doten Niveau erreecht hunn, datt mer e Curriculum am Lëtzebuergeschen dann definéiere fir eis ëffentlech Europaschoulen, fir de Baccalaureat international, fir d'A-Levels, vläicht wa mer d'Gesetz och bis geännert hunn, vun de Privatschoulen, och fir déi Privatschoulen, déi genau déi dote Programmer oder änlech Programmer ubidden an dat wëllen obligatoresch maachen a mer mat deem Curriculum dann och viséieren, datt een de B1 an den A2 och da sollt erreecht hunn."
Fir déi Sproochkueren déi momentan an deene Schoulen en Place wieren, kéint een aktuell eng Dispens net garantéieren, esou nach de Claude Meisch.