arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Chamber gëtt gréng Luucht fir de Projet Alpha

Franséisch Alphabetiséierung

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

D'Chamber gëtt gréng Luucht fir de Projet Alpha

Mat 52 Jo-Stëmmen, 5 Nee-Stëmmen an zwou Abstentioune gouf et an der Chamber gréng Luucht fir de Projet Alpha, also d‘Alphabetiséierung op Franséisch. Dat progressiv vum Cycle 1 un. De Choix läit dobäi bei den Elteren, no enger Berodung duerch d‘Léierpersonal. 

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Klassesall | © Bigstock
Klassesall (Foto: Bigstock)

An enger allgemeng ganz sachlech gefouerter Debatt waren et an éischter Linn Temoignagë vun deenen Deputéierten, déi selwer ënner der komplizéierte Sproochesituatioun am Lëtzebuerger Schoulsystem gelidden hunn, wéi zum Beispill den CSV-Deputéierte Ricardo Marques.

"Op Septième, an enger Klass vun 28 Schüler, ware mir zu zwee mat lusophonen Originnen. Déi meescht vu menge lusophone Kolleege waren deemools op Technique orientéiert ginn. Net, well se manner intelligent waren, mee well se ënner anerem och an enger Sprooch geléiert hunn, an där si sech net wuel gespuert hunn."

Trotz grousser Zoustëmmung och Kritik um Educatiounsminister senger Virgoensweis

Et géif een de Projet ënnerstëtzen, dee vill - wann och net all - Ongläichheeten aus der Welt géing schafen, esou d‘LSAP-Deputéiert Francine Closener. Virun allem beim Ëmsetze gesäit d‘LSAP Politikerin awer Problemer.

"Firwat gëtt bei deem heite Projet konsequent ignoréiert, wat d'Gewerkschaften an d'Personal ze soen hunn? Firwat gëtt ee Pilotprojet gemaach an dann awer iwwerhaapt guer net ofgewaart, wat derbäi erauskënnt? Firwat ginn déi seriö Bedenke vum Syvicol net eescht geholl?"

Änlech gesäit dat de Piraten-Deputéierte Marc Goergen.

"De Projet de loi ass nach net räif. En ass gutt gemengt, mee alt nees schlecht gemaach."

Och den Deputéierte vun déi gréng Meris Sehovic huet virun allem d‘Virgoensweis vum Educatiounsminister kritiséiert.

"Datt et esou vill Bedenke gëtt, Här Minister, mengen ech, läit awer och un Ärer politescher Method aus deene leschte Joren. Är brutal Effizienz, fir Saachen duerchzesetzen."

Kritik um Projet vun der ADR

Déi eenzeg fundamental Kritik um Projet koum vu Säite vun der ADR. Op der enger Säit géif d‘Land frankophoniséiert ginn, wat een Nodeel fir d‘Lëtzebuerger wier. Op der anerer Säit géifen nei Trennungen entstoen, esou de Fred Keup.

"Mir maachen hei d'Béchs vun der Pandora op an dat ass net gutt. Et féiert zu Segregatioun, et féiert zu Parallelgesellschaften an dann nennt een dee Pilotprojet och nach Zesummewuessen, wou een da, wou d'Schüler deemools ëmmer zesumme waren, se elo trennt. Dat ass sécherlech net gutt, grad fir e Land wéi Lëtzebuerg, wou jo awer d'Integratioun déi lescht Joerzéngten am Fong exzellent fonctionéiert huet."

Den DP-Educatiounsminister Claude Meisch huet sech um Enn vun der Debatt engagéiert, de Projet an Zukunft ze evaluéieren, an och fir déi néideg Personalressourcen ze suergen.

play_arrow Lauschteren