Bis ewell hätt ee just eng Etude an Optrag ginn fir ze kucken ob eng Vergréisserung vum Atert-Lycée méiglech wier, esou dem DP-Educatiounsminister seng Äntwert op déi parlamentaresch Fro.
Ob eng méichlech Vergréisserung vum Atert-Lycée géif enger neier Europaschoul ze gutt kommen, kéint ee nach net soen, esou de Claude Meisch. Et hätt een awer nach ëmmer Wëlles am Weste vum Land eng Europaschoul ze bauen.