D’Reklamatioune kéime vun Elteren, mee och vu Mataarbechter:innen, ewéi och vu fréiere Mataarbechter:inne vun der Crèche.
D’Eltere wieren direkt kontaktéiert ginn an et wieren och an der Gemeng Péiteng genuch fräi Plazen an anere Crèchen detektéiert ginn, als Iwwergangsléisung fir déi 32 Kanner, nodeems d’Crèche Dramland zougemaach gouf.
Educatiounsministère bitt psychologesch Betreiung un
De speziellen Dispositiv vum Ministère wier och disponibel, wann d’Elteren de Besoin fir eng psychologesch Betreiung hunn, esou de Marco Deepen.
“Mir hunn à ce stade keng Ufro vun Elteren, wou esou eppes ugefrot ass. Mir sinn awer disponibel a mir appelléieren och un d'Elteren, fir sech bei eis ze mellen, fir si do ze begleeden.”
Datt Reklamatioune mat dëser Gravitéit erakommen an datt eng Suspension d’agrément ausgeschwat gëtt, wier extreem sielen, esou de Marco Deepen vum Educatiounsministère.
Betraffe Crèche scho mol opfälleg
Viru ronn zwee Joer hätt et scho Reklamatioune géint d’Péitenger Crèche Dramland ginn, wouropshin d’Gerante och convoquéiert gouf. D’Faite wieren deemools awer net esou grave, wéi elo déi rezent vu leschter Woch gewiescht.
De Parquet huet virgëschter um Mëttwoch eng Perquisitioun an der Crèche Dramland zu Péiteng gemaach.
Zejoert wieren iwwerdeems och méi wéi 170 onugekënnegt Kontrollen uechter Crèchen duerchgefouert ginn, déi also net nëmmen op Basis vu Reklamatioune gemaach ginn.
Och Kontrollen ouni Reklamatiounen
Enger Crèche den Agrement ze entzéien, respektiv fir eng Zäit auszesetzen, wier eng Mesür, déi den Educatiounsministère net liichtfäerteg géif treffen, esou de Marco Deepen.
"Mir machen ebe Kontrollen, mir wëllen, datt eng gutt Qualitéit an dee Crèchen herrscht a wat mir bei eise Visitte kontrolléieren, dat sinn oft dann Norme vum Agrement: Ass d'Personal genuch qualifizéiert. Gëtt de Ratio agehalen? Do stelle mer eben och Saache fest."
Da géifen si mat de Strukturen op de Wee goen, fir eng Mise en conformité ze maachen.
Den Ausmooss iwwer deen et am Kader vun der Péitenger Crèche géing goen, wier awer een extreem sielene Fall, seet den Marco Deepen.
D’lescht Joer wieren insgesamt 268 Reklamatiounen un den Educatiounsministère aus Crèchen erugedroe ginn. Hei géif et meeschtens awer em Problemer mat de Chèque-Service goen, esou nach de Responsabele fir déi nonformell Bildung Marco Deepen.