arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mobbingvirwërf op der Uni: "Kee flächendeckende Problem", mengt d'Ministesch

Héichschoul

|
headphones

4 min

headphones

12 min

play_arrow

Mobbingvirwërf op der Uni: "Kee flächendeckende Problem", mengt d'Ministesch

An de leschte Méint war ëmmer nees vu Mobbing, engem toxesche Klima a Muechtmëssbrauch op der Uni Lëtzebuerg rieds. Zwee Audite solle lo fir Kloerheet suergen. Am 100,7-Interview erkläert d’Héichschoulministesch Stéphanie Obertin, wat si sech dovun erwaart.

headphones

4 min

headphones

12 min

play_arrow
D'Héichschoulministesch Stéphanie Obertin. | © Jo Diseviscourt
D'Héichschoulministesch Stéphanie Obertin. (Foto: Jo Diseviscourt)

D’Héichschoulministesch huet zouginn, datt si vill Elementer, wat d’Harcèlementsvirwërf op der Uni Lëtzebuerg ugeet, aus der Press gewuer ginn ass.

Zwou verschidde "Wellen"

D’DP-Politikerin schwätzt an deem Dossier vun zwee verschiddene Momenter: Eng éischt Well un Informatiounen, déi viru Chrëschtdag d’Ronn gemaach hunn. Hei goung et ëm d’Mobbingvirwërf an ëm Promotiounen, déi net gi goufen.

Dono wier nach eng zweet Well komm, déi Froen zur Gouvernance an eventuell Interessenskonflikter opgeworf huet.

Fir Äntwerten op all dës Froen ze kréien, ginn elo zwee verschidden Auditen organiséiert. Ee vun der Uni selwer, an ee vum Ministère.

Zwee komplementar Auditen

D’Stéphanie Obertin erkläert, datt dës zwee Auditen onofhängeg vunenee sinn, an och verschidde Voleten ofdecken.

Wat d’Personaldossieren ugeet, wier et um Conseil de gouvernance vun der Uni, Responsabilitéit ze iwwerhuelen. Den Audit vum Ministère géing sech ëm eventuell Gouvernanceproblemer këmmeren. Eppes, wat de Cahier de charge vum Uni-Audit net ofgedeckt hätt, esou d’Ministesch.

“De Conseil de gouvernance huet seng Aufgaben, genau wéi och de Ministère. Dofir hu mir decidéiert, en zweeten Audit vum Ministère aus ze maachen.”

Ufanks gouf et Kritik vun den Deputéierten, well d’Uni hiren Audit selwer an Optrag ginn huet. Dat wier awer net de Grond firwat den zweeten Audit elo zustane kënnt, betount d’Stéphanie Obertin.

D’Audite wieren och komplementar zu eneen. Dofir kéint och kee vu béiden ewechfalen.

Ministesch wënscht sech "zäitno" Ëmsetzung

De Ministère hätt elo e Cahier de charge fir hiren Audit ausgeschafft, preziséiert d’Héichschoulministesch. Dee misst elo nach vun externen Experte gekuckt a kontrolléiert ginn. Ausserdeem hätt d’Chamberkommissioun Héichschoul de Wonsch geäussert, de Cahier de charge och ze gesinn. Dat geschitt elo de 24. Februar.

De Wonsch vun der Ministesch ass et, den Audit “esou zäitno wéi méiglech” duerchzeféieren.

Iwwerpréiwen, ob Gesetzer an der Praxis "hir Utilitéit" hunn

Mee wat ka si als Ministesch maachen, wann den Audit bis Conclusioune gezunn huet? Schliisslech verfüügt d’Uni iwwer eng grouss Autonomie.

Et wier dem Ministère seng Aufgab ze kucken, ob d’Gesetzer, déi en place sinn, richteg ugewant ginn, respektiv an der Praxis iwwerhaapt “hir Utilitéit hunn”. Dono misst een dann eventuell Gesetzer upassen. D’Stéphanie Obertin erwaart sech vum Audit Opklärungen an deem Beräich.

“Ech ka kucken, ob d’Gesetzer sënnvoll an der Praxis ëmgesat ginn. Dat ass dat, wat eis intresséiert ze kucken. Vum Conseil de gouvernance, dem Rektorat, dem Conseil universitaire, bis erof bei d’Doyenen.”

Si betount awer och, datt si den Unirekter Jens Kreisel beispillsweis net ofsetze kéint. “Dat ass eng reng Uni-intern Geschicht".

Problemer, déi ee wierklech net komme gesinn huet?

Et gëtt och e Regierungskommissär, dee Member am Conseil de gouvernance vun der Uni ass. D’Stéphanie Obertin erkläert am 100,7-Interview, datt deen en Informatiouns- a Kontrollrecht huet.

D’Diskussiounen am Conseil de gouvernance wiere Mëtt Oktober opkomm, wéi eng éischte Kéier d’Manif virun der Chamber thematiséiert ginn ass.

Wéi schonn de Rekter Jens Kreisel erkläert huet, hätt een déi Problemer awer net gesinn opkommen. Hie selwer huet d’Fro gestallt, ob de Rektorat gutt genuch opgestallt wier, fir esou Saachen ze bemierken.

Gespréicher mat Acteuren um Terrain

D’Stéphanie Obertin hieft och ervir, datt si mat villen Acteure geschwat huet. D’Bild, wat sech ofzeechent, wier awer “net esou eenheetlech”.

D’Presidentin vun der Personaldelegatioun hätt d’Situatioun nuancéiert, awer och ugemierkt, datt sech verschidde Saachen ännere missten.

Dat selwecht Bild beim President vun der Studentendelegatioun. Och hien hätt d’Situatioun als méi nuancéiert beschriwwen a gesot, datt ee bei de Studenten net onbedéngt dat selwecht Klima hätt, wéi beim Personal.

Ministesch geet vun Eenzelfäll aus

Ufanks stoung jo d’Fakultéit vun Droit, Ekonomie a Finanzen am Vierdergrond. Den Audit soll elo klären, ob et sech ëm en Eenzelfall handelt, oder net, betount nach eng Kéier d’Ministesch.

“Ech mengen net, datt et ee flächendeckende Problem ass.”

Si huet och d’Fro an de Raum geworf, firwat déi verschidden Ulafstellen op der Uni, déi sech u Leit riichten, déi op Problemer stoussen, net méi bekannt wieren.

play_arrow Lauschteren