arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jugendbericht: Méi Angschtgefiller, manner Wuelbefannen - Sozial Medie prägen Alldag

National

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Jugendbericht: Méi Angschtgefiller, manner Wuelbefannen - Sozial Medie prägen Alldag

D’sozial Medien prägen den Alldag vun de Jonken zu Lëtzebuerg ëmmer méi. Dat weist den neien nationale Jugendbericht, dee vum Educatiounsminister Claude Meisch virgestallt gouf. D’Gefill vun Angscht geet bei de Jonken tëschent 12 an 29 Joer erop, gläichzäiteg hëlt dat allgemengt Wuelbefannen of.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
©  Xavier Lorenzo / Adobe Stock
(Foto: Xavier Lorenzo / Adobe Stock)

Ronn 80 Prozent vun de Jugendlechen tëschent 12 an 29 Joer sinn op d’mannst zwou Stonnen den Dag an de soziale Medien aktiv. Domat géif och de Besoin fir méi offline-Interaktiounen erofgoen.

Déi Jonk géife manner oft Fräizaitaktivitéiten nogoen an doduerch géife Geleeënheete fir en direkte Kontakt däitlech zréckgoen.

Ronn ee Véirel vun de ronn 4.800 Befroten hunn uginn, sech manner gutt ze fillen. Dat ënner anerem well déi gesellschaftlech Suergen zouhuelen, sou nach de Prof. Dr. Robin Samuel vum Zentrum fir Kandheet- a Jugendfuerschung op der Uni.lu, deen dëse Rapport koordinéiert huet.

"Wir sehen, dass junge Menschen sehr sensibel sind gegenüber gesellschaftlichen Problemen, also geopolitische und wirtschaftliche Krisen, Kriegen in Europa, Umweltprobleme, die Wirtschaftslage. Es gibt sicherheitsbezogene Ängste."

Méi streng Regele fir Sozial Medien 

Bei der Presentatioun vum 260 Säite laange Rapport iwwer d’Situatioun vun der Jugend hei am Land huet den Educatiounsminister och betount, den Zougang zu de soziale Medie méi streng reglementéieren ze wëllen. 

D’Regierung wier weider en Faveur vun engem Verbuet vun de sozialen Netzwierker, mat enger Alterslimitt. Prinzipiell wéilt een hei op EU-Niveau eng Reglementatioun ustriewen, esou nach de Claude Meisch.

"Ech mengen dat läit op der Hand. Als kleng Land ass et, par rapport zu deene groussen Anbieter vu soziale Medien, relativ schwéier fir sou ee Verbuet duerchzesetzen. Méi schwéier et duerchzesetzen wéi wann een dat op dem Niveau vun der EU mécht." 

Och ouni EU misst ee reagéieren

Et kéint een d'Verwantwortung awer net einfach delegéieren, esou de Claude Meisch. 

"Wann d’EU dat net ronn kritt, well et do sécherlech Divergenze wäert ginn, da musse mir do Verantwortung iwwerhuelen, eppes wat aner Länner och schonn ugebueden hunn."

Gläichzäiteg wéilt ee méi Efforte maachen, fir de gesellschaftlechen Engagement ze stäerken, esou nach den DP-Minister.

De Rapport, fir dee 4.800 Jonker eng Ëmfro ausgefëllt hunn, soll als Grondlag fir een neien nationalen Aktiounsplang fir d’Jugendpolitik genotzt ginn, dee bis Enn dëst Joer virleie soll.

play_arrow Lauschteren