arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Educatiounsministère wëll Jonke mat neiem Programm Zougang zu Kultur vereinfachen

Kultur & Educatioun

|
reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Educatiounsministère wëll Jonke mat neiem Programm Zougang zu Kultur vereinfachen

En neien nationale Programm soll de Schüler aus dem Secondaire den Zougang zu kulturellen a kreativen Aktivitéite vereinfachen. De Projet mam Numm CreativeLab gouf de Moie vum Educatiounsminister Claude Meisch a vum Kulturminister Eric Thill virgestallt.

reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow
(v.l.n.r.) Gilles Lacour, Claude Meisch, Eric Thill | © Luca Di Santolo
(v.l.n.r.) Gilles Lacour, Claude Meisch, Eric Thill (Foto: Luca Di Santolo)

Als Deel vun der Campagne Screen-Life-Balance vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, soll mam CreativeLab net nëmmen d’Zäit virum Ecran reduzéiert, mee och d’Gläichgewiicht tëschent der digitaler an der realer Welt gefërdert ginn. 22 Partner aus dem Kulturberäich si bis elo dobäi. Weider potentiell Offere musse fir d'éischt vum Ministère fir Educatioun bewäert ginn.  

D’Lyceeë kënnen d’Schüler do fir verschidden Aktivitéiten ausserhalb vum Unterrecht umellen. Ënnert de Partner sinn ënner anerem Muséeën, Concertshalen an Theateren.

Kulturacteuren kënne méi konkret cibléieren

De Gilles Lacour, Coordinateur vum Projet a Regierungskommissär, erkläert firwat dëse Projet och fir de Kultursecteur interessant ass.

"Si hunn Accès un d'Schüler, un déi Jonk, dat heescht, dat ass hire Public vu muer, si kommen un déi erun, si kënnen deenen am Fong moossgeschneidert Aktivitéiten ubidden, déi wierklech op si gemënzt sinn, déi fir si geduecht sinn."

Doriwwer eraus kënnen d'Acteuren aus der Kultur fräi definéieren, wéi eng Altersgrupp si usprieche wëllen, esou  nach de Gilles Lacour.

De CreativeLab wäert och en integralen Deel vun der neier Plattform Extraklass sinn, op där all pedagogesch Offeren aus der Zivilgesellschaft fir Schoule regruppéiert ginn. De Site, deen haut virgestallt gouf, ass vun elo u schonn iwwer creativelab.lu erreechbar.

Text vum Luca Di Santolo

play_arrow Lauschteren