Zënter mei ewéi 50 Joer ass d’Cavem eng Institutioun zu Lëtzebuerg. Déi aktuell Situatioun ass fir déi betraffe Museksproffe besuergneserreegend. Net nëmme wéinst der Faillite. Zënter zwou Woche gëtt den Direkter vun der Cavem, den Andreas Marx, vermësst. D’Police huet den 13. Mäerz eng entspriechend Meldung erausginn.
Den Andreas Marx war zënter 2012 an der Geschäftsféierung vun der Cavem, 2014 gouf hien Associé. Virun zwee Joer huet hien d’Schoul du vum fréiere Proprietär ofkaf an ass zënterhier den eenzege Proprietär.
Eng Schold vu 40.000 Euro
Am Gespréich mam 100,7 weise sech d’Mataarbechter Benjamin Renz, zënter 22 Joer Museksproff bei der Cavem, an d’Fernande Pletschette, zënter 35 Joer dobäi, e puer Deeg méi spéit nach ëmmer boulverséiert vun de Faiten. Nom Verschwanne vum Direkter hätt een alt probéiert, de Buttek selwer um Lafen ze halen. Bis dunn e Freideg e Curateur do gestanen an d’Schoul zougemaach hätt, wéi d'Fernande Pletschette erkläert.
"En huet mir erkläert, e kënnt vum Geriicht, e wier Curateur, en ass en Affekot, an hie misst elo zoumaachen, well et ass eng Schold do vu 40.000 Euro vum Steieramt."
Et hätt wuel Indicë ginn, datt an der Comptabilitéit net alles ronn leeft, erklären déi zwee Museksproffen am Gespréich. Si schwätze vu Problemer beim Ausstelle vu Rechnungen, vun Delaie beim Bezuele vun de Paien. Mee datt et esou wäit géif kommen, wier dann awer e Schock gewiescht.
Well un engem Manktem bei der Nofro wier d’Museksschoul net gescheitert, do si sech d’Enseignante Benjamin Renz a Fernande Pletschette sécher. Ronn 600 Schüler:inne si bei der Cavem ageschriwwen. Déi meescht Enseignante waren zënter méi wéi 10 Joer do ugestallt. Dat Ganzt wier wuel vill méi un der Organisatioun gescheitert, mengen si. Dat wier et och, wat d'Situatioun esou tragesch mécht, fënnt de Benjamin Renz.
"Am Groussen a Ganze gouf et keng wierklech Problemer."
D'Sich no engem Auswee gëtt net einfach
D’Enseignante vun der Cavem sichen elo verzweifelt no engem Auswee an no Pisten, d’Schoul ze retten. Et wier ee schonn zesummekomm fir iwwer verschidde Méiglechkeeten, a Form vun enger ASBL, enger Société anonyme oder nach enger Kooperativ, nozedenken. Allerdéngs ginn et zwee Facteuren, déi hinne Suerge bereeden.
Am Gebai zu Bouneweg kéint ee mat grousser Warscheinlechkeet net bleiwen. D’Sich no alternative Raimlechkeeten, besonnesch an der Stad, riskéiert awer immens schwiereg ginn. Den anere Problem wier, dass een net vill Zäit hätt, eng Léisung ze fannen.
Schliisslech kéint een d’Schüler:innen net méintelaang hinhalen. D’Ouschtervakanz wëllt een dofir elo notzen, vir hinnen op d’mannst eppes proposéieren ze kennen:
"Datt een emol e Plang huet, datt een de Schüler ka soen, hei, mir hunn eppes, mir fänken zum Beispill no Päischten nach eng Kéier un, sechs Woche bis d'grouss Vakanz, an dann am September gëtt et lancéiert."
D'Schüler:inne géife sech op enger anere Schoul umellen, wann d'Cavem net méi disponibel ass, gi si ze bedenken.
Bis Enn der Woch Zäit, Iddien ze presentéieren
Bei aller Motivatioun misst een awer och realistesch bleiwen, seet de Benjamin Renz, deen sech, genee wéi seng Aarbechtskolleegen, natierlech och Suergen ëm seng perséinlech Zukunft mécht. Och wann een alles probéiere wëllt, fir datt d'Schoul virugeet.
"Mee natierlech muss een sech och anescht mol orientéieren an iwwerleeën, wat maachen ech awer, wann dat net geet?
D’Equipe vun der Cavem géif sech elo de Freideg nach eng Kéier mam Curateur treffen, erklären déi zwee Museksenseignanten nach. Bis dohi missten si op d’mannst eng Iddi presentéieren, wéi et mat der beléifter Museksschoul kéint weidergoen.