Dee soll d’Direktioun bis Enn vum Joer begleeden an eventuell Verbesserungsméiglechkeete feststellen.
Et soll awer och e Suivi gemaach gi vun enger Satisfaktiounsetüd, déi viru ronn engem Joer gemaach gi war fir d’Uleies vun de Mataarbechter:innen zesummenzedroen. Datt déi Mesure elo geholl goufen, géif awer net heeschen, datt bis ewell näischt geschitt wier, preziséiert de Kulturminister Eric Thill.
"Wann een esou Analyse mécht, eng Analyse de satisfaction, dann dauert dat zum Deel e bëssen Zäit. Dat geet vläicht net ëmmer esou séier, wéi een dat gären hätt. Mir hunn nach eng Kéier e Guide de l'agent ageféiert."
Minister wier sech der Verantwortung bewosst
Et hätt ee verschidde Coachingsméiglechkeeten zur Verfügung gestallt fir déi Leit, déi an der Direktioun an an der Responsabilitéit wieren.
"Mir sinn elo amgaangen dee Programm de travail ze finaliséieren, wou mir nach eng Kéier konkreet Pisten an déi Richtung ausschaffen, fir eeben och d'Aarbechtsklima, déi intern Spannungen och unzegoen, fir datt déi Situatioun besser gëtt. Dat huelen ech zur Kenntnis. Ech sinn och net zefridden, datt dat esou ass. Mee dat brauch zum Deel awer e bëssen Zäit. Do sinn ech mer menger Verantwortung bewosst. Do schaffe mir drun."
Ufank des Mounts waren ëffentlech Virwërf formuléiert ginn, déi dem CNA intern Dysfonctionnementer an en toxescht Aarbechtsklima ënnerstallt hunn. Dat soll elo am Detail ënner d’Lupp geholl ginn.