arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luxembourg Music School soll iwwerhuelen: CAVEM viraussiichtlech am Mee nees op

Musikschoul

|
reading time

1 min

Luxembourg Music School soll iwwerhuelen: CAVEM viraussiichtlech am Mee nees op

Wann alles gutt geet, gëtt d’Museksschoul deemnächst vun der Luxembourg Music School vu Sandweiler iwwerholl. Dat hunn de Filipe Galvao vun der CAVEM an de Ralf Trebing vun der Luxembourg Music School eis op Nofro hi confirméiert. D’Gespréicher géife gutt verlafen an et wier een optimistesch.

reading time

1 min

Museksschoul | © Adobe Stock
Museksschoul (Foto: Adobe Stock)

D’Coursë solle weiderhin am Gebai zu Bouneweg ofgehale ginn an et géif een alles doru setzen, de Museksunterrecht schonn den 18. Mee erëm opzehuelen, esou de Filipe Galvao vun der CAVEM.

Nach misst een awer eng Rei Formalitéite klären, dëst och mam Curateur.

D’Museksschoul Cavem war jo am Mäerz iwwerraschend an d’Faillite geroden, den deemolegen Direkter vun der Schoul ass zënter Woche spuerlos verschwonnen. Dem Filipe Galvao no hätt een entretemps eng Partie vun de Proffe verluer, mee den “haarde Kär” vun der CAVEM wier nach dobäi. D’Schüler:inne kéinte sech vun elo u mellen, fir sech nees anzeschreiwen.