arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Only Yes Means Yes

Fräie Mikro

|
reading time

5 min

headphones

3 min

play_arrow

Only Yes Means Yes

Virun engem gudde Mount huet eng grouss Majoritéit am EU-Parlament fir d'Aféierung vun enger eenheetlecher strofrechtlecher Definitioun vu Vergewaltegung gestëmmt. Detailer vun der Isabelle Schmoetten vum CID | Fraen an Gender sech an hirem Fräie Mikro. 

reading time

5 min

headphones

3 min

play_arrow
© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

Dëse Fräie Mikro ka Betraffener vu sexueller Gewalt triggeren.

All 20. Fra an der EU ass Affer vu Vergewaltegung. Och Männer gi vergewaltegt. Si maachen circa 10 Prozent vun alle Vergewaltegungsaffer aus. Täter si bal ëmmer Männer.

Wéini eng Vergewaltegung viru Geriicht bestrooft ka ginn, gëtt an der EU vu Land zu Land ënnerschiddlech gehandhaabt.

Aner Länner, aner Gesetzer

A Länner wéi Rumänien oder Estland musse Gewalt an Zwang am Spill gewiescht sinn an d'Affer muss sech aktiv gewiert hunn. Mir wëssen awer mëttlerweil, datt déi meescht Affer sech bei enger Vergewaltegung net wieren. Wisou? 

Dir kennt vläit de "fight or flight mode" - also kämpf oder flücht Modus - am Fall vu Geforen. Déi heefegst Reaktioun ass awer freeze - erstarren.

Wéi ee reagéiert, läit net an der Kontroll vum Affer. An awer kënnt et an deene Länner dann net zu enger Verurteelung. Och Persounen, déi betäubt goufen oder ënner Drogenafloss waren, gi vun dëse Gesetzer net geschützt.

"Nee heescht Nee"-Prinzip

An Däitschland an an Éisträich gëllt den "Nee heescht Nee" Prinzip. Gutt dorun ass: et geet duer, datt d'Affer nee gesot huet, fir datt vu Vergewaltegung geschwat gëtt. Schlecht dorun: d'Affer muss dat beweisen a gëtt viru Geriicht heefeg mat Vergewaltegungsmythen konfrontéiert. Also zum Beispill, datt Frae Vergewaltegungen erfannen oder datt si mat hirem Verhalen oder hirem Kleedungsstil op d'mannst mat Schold sinn un enger Vergewaltegung.

Laut enger Eurostat Ëmfro vun 2024 sinn zu Lëtzebuerg 10 Prozent vun de Befroten der Meenung, datt eng Fra mat Schold ass un enger Vergewaltegung, wa si alkoholiséiert war.

A Litauen si souguer iwwer 40 Prozent vun de Befroten där Meenung.

15 Prozent vun de Befroten zu Lëtzebuerg sinn der Meenung, datt Frae Vergewaltegungsvirwërf erfannen oder exageréieren. An der Belsch an a Portugal deele méi wéi 20 Prozent vun de Befroten dës Meenung.

"Jo heescht Jo"-Prinzip

An da ginn et déi Länner, déi als Virreider gëllen, dorënner Spuenien, d'Belsch an och Lëtzebuerg. Hei goufen déi national Gesetzer ugepasst un de "Jo heescht Jo" Prinzip.

Dat bedeit, datt all sexuell Handlung tëschent 2 oder méi Mënschen op Konsens baséiere muss, also op der Zoustëmmung vun de Bedeelegten. Gutt dorun ass: déi Bedeelegt si verflicht sech iwwer déi ausdrécklech Zoustëmmung vun hirem Vis à vis ze iwwerzeegen.

Wann d'Fro "Wëlls du mat mir schlofen" net mat Jo beäntwert gëtt, besteet kee Konsens. Dat kann och Kloerheet ginn zum Beispill a Situatiounen, wou eng Fra schléift, bewosstlos ass oder staark alkoholiséiert ass - do ka si net ausdrécklech zoustëmmen, also ass et ëmmer eng Vergewaltegung - och wann et déi eege Partnerin ass, och wa si sexy ugedoe war, och wann dir schonn emol matenee geschlof hutt

Net gutt dorun ass, datt och dëse Prinzip net verhënnert, datt ee viru Geriicht Beweiser braucht, déi ee bei enger Vergewaltegung dacks net huet, an d'Täter ouni Strof dovu kommen. 

Ausserdeem stellt sech d'Fro, wéi vill Konsens méiglech ass an enger Gesellschaft, déi gepräägt ass vu strukturellem Sexismus an internaliséierter Misogynie.

Weider sënnvoll Mesurë geplangt

Ëmmer erëm héiere mir vu Männer: Mee wat däerf ech dann iwwerhaapt nach. Ech traue mech mol net méi eleng mat enger Fra an de Lift ze klammen. Ech weess guer net méi, wéi ech flirten däerf. Muss ech lo virum Sex e Kontrakt opstellen a nach weidere Blödsinn.

Dobäi heescht "yes means yes" jo just, datt de Vis à vis d'accord ass. Wiem dat ze komplizéiert ass, den hätt vläit effektiv besser sech op platonesch Frëndschaften ze beschränken.

Ech si frou, datt Lëtzebuerg e fortschrëttlecht Gesetz huet. Allerdéngs geet et domat net duer. An och bei der Eurostat Ëmfro schneide mir am Verglach gutt of.

D'Europaparlament fuerdert nieft där iwwerfälleger eenheetlecher a konsensbaséierter Definitioun vu Vergewaltegung awer nach eng Rei aner sënnvoll Mesuren, wéi reegelméisseg obligatoresch Formatioune fir Professioneller, déi mat Vergewaltegungsaffer a Kontakt kommen.

Eng Besser Opklärung ass néideg

Eng ëmfaassend, modern an altersgerecht sexuell Bildung an de Schoulen. Och nach EU wäit Sensibiliséierungscampagnen iwwer Konsens, kierperlech Selbtsbestëmmung a gesond Bezéiungen.

An och Moossname géint Vergewaltegungsmythen an Incel-Propaganda. Well eréischt wa Sexualitéit op Opklärung, Konsens a Gläichstellung tëschent de Geschlechter berout, wäert et keng Vergewaltegunge méi ginn.

Wichtegen Hiweis:
Dir sidd Affer gi vun enger Vergewaltegung? Hei kritt Dir Hëllef

De Centre ass 7 Deeg op 7 a 24 Stonnen op 24 op.


Quellen:
https://www.europarl.europa.eu/RegData/etudes/IDAN/2024/757618/EPRS_IDA(2024)757618_EN.pdf
https://www.europarl.europa.eu/news/de/press-room/20260423IPR41832/vergewaltigung-muss-als-fehlen-von-einverstandnis-definiert-werden
https://de.statista.com/statistik/daten/studie/1099780/umfrage/opfer-von-vergewaltigungen-in-der-eu/

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.

play_arrow Lauschteren