De Frëndschaftsmatch tëschent Lëtzebuerg an Irland goung 0-0 aus.
Virum Match hat d'Fussballfederatioun an engem Communiqué Feeler zouginn a sech entschëllegt. D'FLF huet och annoncéiert, datt eng onofhängeg Ethikkommissioun géif gegrënnt ginn, fir déi rezent Virfäll ënner d'Lupp ze huelen.