arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Départ vum Tour de France 2028 zu Lëtzebuerg?

Tour de France 2028

|
headphones

1 min

Départ vum Tour de France 2028 zu Lëtzebuerg?

Lëtzebuerg huet eng offiziell Demande gemaach fir de 'Grand Départ' vum Tour de France 2028 ze organiséieren. Dat hunn de Sports- an de Staatsministère gëschter matgedeelt. Den Dossier wier an enger privater Zeremonie an der Coque un den Direkter vum Tour Christian Prudhomme iwwerreecht ginn.

headphones

1 min

Fändel vum Tour de France | © EPA/OLIVER WEIKEN
Fändel vum Tour de France (Foto: EPA/OLIVER WEIKEN)

Virgesi wieren 3 Etappen: Déi éischt wier een Zäitfueren an der Stad, déi zweet eng laang Etapp duerch d'Land an déi drëtt géif dann iwwer Schengen an d'Ausland féieren. D'Parcourse wieren ënnert anerem vum Frank an Andy Schleck grad ewéi vum Kim Kirchen ausgeschafft ginn, heescht et nach.

Och Tschechie wéilt de Grand Depart an dräi Joer organiséieren, mellt RTL. D'Decisioun, wou den Tour de France soll fortfueren, soll am Fréijoer d'nächst Joer geholl ginn. 

2028: E Joer vu grousse Lëtzbuerger Sportsanniversairen

2028 markéiert iwwerdeems den 100. Anniversaire vun der duebeler Victoire vum Nicolas Frantz an de 70. Anniversaire vun der Victoire vum Charly Gaul.