Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Autumn Sweater - Drinks

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Christelle Diederich: Schéin Zäit fir d'Lëtzebuerger Sportspress

Verband vun der Sportspress

Christelle Diederich: Schéin Zäit fir d'Lëtzebuerger Sportspress

Mat der Christelle Diederich gëtt déi éischte Kéier eng Fra Presidentin vun der Lëtzebuerger Sportspress. Mat 7 vun am Ganze 56 Sportjournalisten a -journalistinne sinn d'Fraen am Domän vun der Sportspress nach ëmmer ënnerrepresentéiert. Ëmmerhi wiere mëttlerweil och 2 Fraen am Comité vum Verband, ënnersträicht d'Christelle Diederich. 

auto_stories

1 min

headphones

11 min

Christelle Diederich, Presidentin vu Sportpress.lu, dem Verband vun de Lëtzebuerger Sportjournalisten | © Morgane Weidig play_arrow
Christelle Diederich, Presidentin vu Sportpress.lu, dem Verband vun de Lëtzebuerger Sportjournalisten (Foto: Morgane Weidig)

Lauschterenplay_arrow

2029 wäert e spannend Joer fir d'Sportspress ginn: Et wäerte souwuel d'Spiller vun de klenge Länner, wéi och den 100. Gebuertsdag vum Verband vun der Sportspress gefeiert ginn. Dobäi deit d'Christelle Diederich un, datt een d'Sportsbuch eventuell wéilt nees an d'Liewe ruffen. D'Sportsbuch gëtt et zanter 2016 net méi. 

KI ka keng Sportspress ersetzen 

Op d'Fro, ob Kënschtlech Intelligenz an Zukunft kéint d'Sportspress ersetzen, äntwert d'Christelle Diederich mat engem Nee. Déi faktuell Informatioune kéint eng Maschinn eventuell iwwerhuelen. D'Emotiounen hannendrun erëmginn, dat ka just e Mënsch maachen, betount d'Christelle Diederich. 

An dobäi ass grad eng spannend Zäit mat villen Emotiounen. Wa si géif den Erfolleg vu beispillsweis der Patrizia Van der Weken live mat verfollegen, da wieren dat fir si immens schéi Momenter, esou nach d'Christelle Diederich.