arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi steet et ëm d'Sportinfrastrukturen zu Lëtzebuerg?

Gesellschaft

|
headphones

2 min

headphones

9 min

play_arrow

Wéi steet et ëm d'Sportinfrastrukturen zu Lëtzebuerg?

Beweegung ass wichteg, ganz besonnesch fir d'Kanner. Do ass am Fong all Mënsch sech eens. An awer stéisst een hei am Land dacks op Hürden, wann ee Sport wëll maachen. Dat hunn an de leschten Deeg zum Beispill déi 150 Kanner gemierkt, déi am Mierscher Turnveräin ugemellt sinn.

headphones

2 min

headphones

9 min

play_arrow
Georges Mischo | © Chris Zeien
Georges Mischo (Foto: Chris Zeien)

Si musse sech elo en neie Veräi sichen. Hire Club hält nämlech op, well e keng Hal fënnt.

De Sportsministère hätt dem Veräin och net kënnen hëllefen, well de Ministère am Fong keng Sportinfrastrukture baut, et wier een also ëmmer op d'Gemengen ugewisen, sou de Georges Mischo.

Schoulinfrastrukture besser auslaaschten

Effektiv wier et awer ee Problem, datt et zu Lëtzebuerg net genuch Sportsinfrastrukture géif ginn an d'Populatioun géif méi séier wuessen, wéi een Infrastrukture kéint bauen. Et géif een elo zesumme mam Educatiounsministère een Inventaire vun de Sportsinfrastrukture vun de Schoule maachen, fir ze kucken, wat nach fräi ass a wat nach kéint besat ginn. Eng Iddi wier zum Beispill fir Sportshale bis owes 10 Auer ze beleeën.

De Budget vum Sportsministère wier an de leschte Jore vun 41 op 66 Milliounen Euro eropgaangen, dës Investitioune misst ee weider héich halen. Et wier wichteg, datt d'Leit sech reegelméisseg géife beweegen an dat géif och de Gesondheetssystem laangfristeg entlaaschten, wat jo och erëm Suen aspuere géif.

Sportsminister verteidegt héich Käschte vun der Escher Sportshal

Datt déi Escher Sportshal schlussendlech vill méi deier ginn ass, erkläert de Sportsminister domat, datt dës viru Covid geplangt gi war an dono d'Präisser komplett explodéiert wieren, och wéinst dem Krich an der Ukrain.

D'Kritik vun der Escher Oppositioun kéint hien net gëlle loossen, well dës an hir Rechnung och d'Käschte fir Stroossen- a Reseausaarbechte géif arechnen, dat wier eng komesch Rechnung an net fair. D'Hal wier eng Plus-Value fir de Sport am Süden "An ech mengen no e puer Joer schwätzt kee méi iwwert de Präis." An der Vergaangenheet wieren och aner Projeten - zum Beispill d'Philharmonie - méi deier ginn, wéi um Ufank geduecht, d'Reegel soll dat awer net ginn.

play_arrow Lauschteren