Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Michel Knepper: "Ech maachen dat do net fir mäin Ego"

Neien COSL-President

Michel Knepper: "Ech maachen dat do net fir mäin Ego"

Mat sengem neie Poste wéilt hien dem Sport eppes zréck ginn, esou den neien COSL-President Michel Knepper am 100,7-Interview. Hie gouf e Samschdeg zu Walfer op der Generalversammlung vum "Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois" fir ee Mandat vu véier Joer als neie President gewielt. Hie géif dat net fir säin Ego maachen.

auto_stories

2 min

headphones

11 min

Michel Knepper | © Morgane Weidig play_arrow
Michel Knepper (Foto: Morgane Weidig)

De Michel Knepper ass ee vun de Matgrënner vun der Triathlons-Federatioun, an hie war deen éischte President vun där Federatioun. Beim COSL war hie bis elo fir d’Finanzen zoustänneg an hie war de Vize-President. Elo gouf hien als President vum "Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois" gewielt. 

“Ech maachen dat doten net fir mäin Ego. Zënter 40 Joer liewen ech wierklech an där grousser Sportsfamill do. An ech hu ganz vill flott Momenter kënne materliewen. An ech mengen dat doten ass eng Méiglechkeet, wéi ech dem Sport eppes kann zréckginn. An ech hunn och elo zënter Ufank Januar déi néideg Zäit, oder ech huele mer déi néideg Zäit fir mech wierklech do fir de Sport anzesetzen.”

Ausbléck op 2029

Grouss Pläng hätt den COSL fir d’Spiller vun de klenge Länner, déi am Mee 2029 hei zu Lëtzebuerg organiséiert ginn, esou de Michel Knepper. Fir hie soll dat een Event vum Sport, vun der Educatioun, der Famill a vun der Gesondheet sinn.

“Ech hunn déi Biller nach virun Aen, 2013, wou de Lëtzebuerger Public esou enthusiastesch war. Mir hätte wierklech gären, datt do soll ee richtege Ruck duerch d’Gesellschaft goen, d’Leit sech solle bewosst sinn, wat d’Valeur ass vum Sport fir eis.”

Den COSL soll méi sinn, wéi just een Organ fir den Héichleeschtungssport. Dat Olympescht wier wuel d’Kärgeschäft. Op där anerer Säit, esou den neien COSL-President, stéing een och fir aner Saachen. Virop wéilt een d'Beweegung allgemeng méi promouvéieren. Deemno begréisst hien d'Annonce vum Eduacatiounsminister Claude Meisch, méi Sport am Secondaire ze promouvéieren.

COSL brauch méi Suen

De Sport bräicht eng Garantie, datt ee "gesond a strukturéiert" kéint wuessen, huet de Michel Knepper erkläert. Da wier een op der gewonnener Säit. De Sportminister hätt ugekënnegt, datt d’Budgete sollen an d’Luucht gesat ginn. 

"Mmir brauchen net vun haut op muer 100 Millioune méi, well wa mer direkt sou vill Sue méi kréien, da geschéien Dommheeten."

De Michel Knepper war ee Samschdeg zu Walfer mat 96 Prozent vun de Stëmmen als eenzege Kandidat fir d’Nofolleg vum André Hoffmann als COSL-President gewielt ginn.

Lauschterenplay_arrow