arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Motioun fir Ethik-Charta am Sport ugeholl

Chamber

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Motioun fir Ethik-Charta am Sport ugeholl

An enger Motioun vun der LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding gëtt nieft enger Ethik-Charta am Sport och d'Finaliséierung vun der sougenannter Safeguarding-Strategie gefuerdert, déi och schonn am Koalitiounsaccord festgehale gi war.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
D'LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding | © Jo Diseviscourt
D'LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding (Foto: Jo Diseviscourt)

Safeguarding Strategie heescht, datt an de Sportveräiner eng Ulafstell fir Affer vu verbaler, physescher oder sexueller Gewalt ageriicht gëtt. 

Am Kontext mat der Affär Rodrigues huet d'DP-Deputéiert a fréier Tennisspillerin Mandy Minella an der Chamber betount, Sportler:innen hätten eng wichteg Virbildfunktioun

"Ganz besonnesch vis-à-vis vun deene Jonken. Als Idoler, op déi vill jonk Mënschen eropkucken, hu si eng Responsabilitéit, déi wäit iwwer d'Resultat vun engem Match erausgeet."

FLF hätt vun Ufank u misse Positioun bezéien

Vertrieder:inne vun de verschiddene Parteie ware sech eens: Et géif ee bis haut nach op eng offiziell Entschëllegung vum Nationalspiller Gerson Rodrigues waarden, dee wéinst haislecher Gewalt a Kierperverletzung condamnéiert ass. D'FLF hätt vun Ufank u misse Positioun bezéien. De Spiller hätt net konsequent missen ausgeschloss ginn, esou de CSV- Sportminister Georges Mischo, mee et wier och kengem "een Zack aus der Kroun gefall", wann hien dës zwee Frëndschaftsmatcher net gespillt hätt. 

Eng Ethik-Charta fir all d'Federatiounen

De Fred Keup vun der ADR - deen d'Motioun net matgedroen a sech enthalen huet - huet fonnt, datt wann een esou eng Ethik-Charta am Sport aféiere géif, da bräicht een esou eppes och an der Kultur. Den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum huet dorops verwisen, datt et esou eppes scho längst gëtt. An zwar a Form vun engem Code de Deontologie, an deem och eethesch Reegele stinn.

Am 100,7-Interview preziséiert d'Taina Bofferding, datt et net drëms geet, datt elo all Federatioun hir eege Charte soll maachen, mee et eng soll ginn, déi fir alleguer t'selwecht gëllt. D'Fussballfederatioun hat jo och d'Schafe vun enger Ethik-Kommissioun annoncéiert, fir déi rezent Entwécklungen a Virfäll ronderëm d‘Selektioun vum Gerson Rodrigues ënner d'Lupp ze huelen.

play_arrow Lauschteren