arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Projet de loi zur neier Medienopsiicht ALIM bleift net fräi vu Kritik

Medien

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Projet de loi zur neier Medienopsiicht ALIM bleift net fräi vu Kritik

Net méi just Tëlee a Radio, mee och geschriwwe Press, grad wéi sougenannten Influencer, fale mam neie Gesetz ënner d’Opsiicht vun der ALIM, déi zukünfteg d'ALIA als Medienopsiicht ersetze soll. Och wann dat an éischte Reaktioune begréisst gëtt, ginn et och nach Kritikpunkten um Projet de loi.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow
© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

D’Regierung wëllt de Regulateur vun den audiovisuelle Medie reforméieren: Aus der ALIA soll dofir d’ALIM ginn, eng Opsiicht fir Medien am Allgemengen. Déi delegéiert Medieministesch Elisabeth Margue vun der CSV seet, si wéilt den Entwécklungen an der Medielandschaft Rechnung droen.

Gesetz muss Hostilitéit aushalen

Kritik ass et awer trotzdeem ginn: Virun allem bei der Definitioun vu verschiddene Begrëffer géif et u Kloerheet feelen, fënnt de Misch Pautsch, President vun der ALJP, der Associatioun vun de professionelle Journalisten.

Beispillsweis gesäit der Elisabeth Margue hire Gesetzesprojet vir, datt ee Medium ka responsabel gemaach ginn, wann eng Publikatioun déi national Sécherheet kéint a Gefor bréngen. Fir de Misch Pautsch léisst déi Formuléierung ze vill Interpretatiounsspillraum zou.

"Et geet hei drëm, datt een och hei e Gesetz, genau wéi bei Informatiounszougang, e Gesetz erschaaft, dat och Hostilitéit aushält. Also wat manifeste schlechte Wëllen a manifesten Abus duerch eng méi héich Autoritéit, dat dat aushält a wat sech net mëssbrauche ka loossen."

Änleche Fonctionnement wéi bei anere Regulateuren

Och den de Jean-Lou Siweck, Direkter vum Radio 100,7, gesäit bei der Formuléierung d’Gefor, datt déi kéint op d’Käschte vun der Meenungsfräiheet goen.

"Do hu mir e gewëssene Kader, an deem dat ka geschéien. Mir hu glécklecherweis de Geriichtshaff vu Stroossbuerg, de Mënscherechtsgeriichtshaff, deen huet deenen dote Saache Limitten operluecht, mee mir wëssen awer och, datt zu Lëtzebuerg et reegelméisseg Verurteelung gëtt vu Stroossbuerg, well et bis hin an eis Justiz Tendenze ginn, d'Meenungsfräiheet restriktiv auszeleeën."

Am neie Gesetzesprojet ass och virgesinn, datt d’Gouvernance vun der ALIM iwwerschafft gëtt. De Jean-Lou Siweck begréisst, datt mam neie Gesetz d’Direktioun vun der ALIM decidéiere kann, datt eng Sanktioun soll geschwat ginn, esou wéi bei all anerem Regulateur zu Lëtzebuerg.

"Do huet een de Conseil, dee kuckt einfach, datt d'Konte richteg gefouert ginn, datt déi Saachen an der Rei sinn. Bei der CSSF, alles wat am Finanzsecteur ass, ass et d'selwecht."

Ze vill Matsproocherecht fir d'Regierung?

An awer bleift bei der ALIM d’Decisioun iwwer d’Héicht vun eventuelle Sanktiounen an engem spezielle Gremium. Dee Sanktiounsgremium soll aus fënnef Membere bestoen: Zwee vun der Direktioun, dräi aus dem Verwaltungsrot. 

"Membere vum Conseil kréien eng Decisiounsgewalt op Sanktiounen an dat bleift ongewinnt. An dat war elo net meng perséinlech Preferenz."

An der zoustänneger Chamberkommissioun virun zwou Woche war d’Kritik ugeklongen, datt d’Regierung nawell vill Matsproocherecht bei der ALIM kéint hunn. Fir de Misch Pautsch gëtt et do eng Léisung.

"Wann een hir Reegelungen an hir Gesetzgeebung propper an a glaskloer definéiert ass, dann ass d'Iddi u sech jo explizitt, datt et quasi egal ass, wien do sëtzt."

Den Text läit elo beim Staatsrot, fir datt dee säin Avis kann dozou ofginn.

Wéi d’CSV-Ministesch Elisabeth Margue op hirer Pressekonferenz uklénge gelooss huet, kéint de Staatsrot wuel déi selwecht Kritikpunkten opbréngen. Deemno ass net ausgeschloss, datt de Gesetzesprojet nach amendéiert gëtt.

play_arrow Lauschteren