arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Franz Fayot: Ass de Sportsminister Georges Mischo nach ze droen?

Projet Sportsmusée

|
headphones

3 min

headphones

14 min

play_arrow

Franz Fayot: Ass de Sportsminister Georges Mischo nach ze droen?

Wa beim Projet Sportsmusée déi néideg Ausschreiwungen net gemaach goufen, da wier dat "e ganz grave Virfall", deen och politesch Konsequenze misst mat sech zéien, esou de Franz Fayot (LSAP).

headphones

3 min

headphones

14 min

play_arrow

De Projet vun engem nationale Sportsmusée op der Rouder Lëns zu Esch-Uelzecht ass een Theema de Mëtteg an der Budgets-Kontrollkommissioun an der Chamber: et geet ënner anerem ëm d’Prozedur fir d’Ausschreiwungen. De Sportsminister a fréieren Escher Buergermeeschter Georges Mischo (CSV) hat dëse Projet vu ronn 30 Milliounen Euro ee Freideg offiziell zeréckgezunn.

D'Fro vun de politesche Konsequenzen

Dëse Réckzuch vum Projet wier ee “relativ schlëmmen Desaveu” fir ee Minister, esou de President vun der Budgetskontrollkommissioun an LSAP-Deputéierte Franz Fayot de Méindeg am 100,7-Interview. Si politesch Konsequenzen néideg?

“Wann dat sech effektiv bestätegt, dee Verdacht, datt hei en ëffentleche Marché, deen hätt am Fong missen ausgeschriwwe ginn, och fir datt all déi Kontrollen, déi mir hunn duerch e Comité d'Acquisition, duerch eng Bautenadministratioun vun ëffentleche Bauten, awer och duerch d'Parlament am Fong doduerch konnte contournéiert ginn, dann ass dat natierlech e ganz grave Virfall, deen och, mengen ech, politesch Konsequenze mat sech zéie misst.”

D'Responsabilitéit vun anere Regierungsmemberen

Wa sech dat bestätegt, géif sech am Kloertext d’Fro stellen, ob de Minister Georges Mischo nach ze droe wier, esou den Oppositiounsdeputéierte Franz Fayot.

“Ech mengen, et ass natierlech ganz kloer eng Saach vum Cumul, eng Affär an eng Maladresse no där anerer, wou ee sech dach op eemol muss froen, ob dat nach raisonnabel ass. Mee ech mengen (...) hei ass net nëmmen den Här Mischo, deen am Rampenlicht steet. Hei ass och d'Regierung, déi net gesinn huet, datt hei eppes géif geschéien, wat am Fong net okay ass. An dat stellt natierlech d'Fro vun der Responsabilitéit, insbesonnesch vum Premier, dee seng Ekipp do iergendwéi net richteg kontrolléiert, awer och natierlech déi aner Ministeren, déi hei betraff sinn, d’Bauteministesch an de Finanzminister.”

Mam Réckzuch vum Projet wier et net gedoen, esou de President vun der Budgetskontrollkommissioun. Et géif ëm de Respekt vun de Prozedure goen, an ëm de Respekt vun de Legislatiounen iwwer déi ëffentlech Ausschreiwungen.

“Do ass e Protokoll d'accord ënnerschriwwe ginn, am Juli 2024, mat engem private Promoteur, (...) wou d'Fro ass, ob dat och effektiv och esou ofgeseent ginn ass vum Regierungsrot. Dat ass eng vun deene Froen, déi mer musse stellen.”

De Franz Fayot huet vun engem – wéi et ausgeséich – “Cavalier seul” vum Sportsministère geschwat. Eigentlech wier et d’Roll vum Comité d’Acquisition vum Finanzministère gewiescht, mam Promoteur ze verhandelen.

“Mee doriwwer eraus ass et natierlech esou, dass een net einfach da kann an déi Turbinnenhal do e Musée drasetzen. Do ass natierlech eng ganz Rei Aarbechten, déi domadder bedéngt sinn. Eng Etude de faisabilité, déi dann och de Promoteur selwer gemaach huet, wat och net geet. Dat ass eng weider Irregularitéit an deem Dossier.”

Dem Franz Fayot no géif et och de Risiko ginn, datt de Promoteur IKO Real Estate Schuedenersatz vum Staat fuerdert.

play_arrow Lauschteren