Den DP-Logementsminister Claude Meisch war net bei där Sitzung derbäi. Diskutéiert gouf do, op Demande vun déi Lénk, iwwer eng nei Etüd vun der Uni Lëtzebuerg iwwer d’Situatioun vun de Locatairen.
D’Etüd konstatéiert, datt et vill Problemer um Locatiounsmarché ginn, dorënner héich Loyeren, schlecht Wunnkonditiounen an net novollzéibar Haussë vun de Loyeren.
déi Lénk an déi gréng: Proprietairë gi prioriséiert
Datt den zoustännegen DP-Minister Claude Meisch net bei der Sitzung derbäi war géif weisen, datt de Logementsminister an d‘Regierung sech méi fir d’Proprietairen, ewéi fir d‘Problemer vun der Locatairë géifen intresséieren, huet den Deputéiert David Wagner vun déi Lénk kritiséiert.
"Mee dat bestätegt eis an deem, wat mir ëmmer denken, dat ass, datt déi heite Regierung an och deen heite Logementsminister sech net fir d'Locatairen interesséiert an permanent domadder beschäftegt ass, och mat anere Kolleegen an der Regierung, fir de Proprietäre Kaddoen ze maachen, wou duerno souwisou näischt erauskënnt."
Déi selwecht Kritik koum och vum Meris Sehovic vun déi gréng.
Dem David Wagner no hätt een och keng Erklärung kritt, firwat de Claude Meisch net present gewiescht wier.