Als Direkter vun der Fondation pour l'accès au logement, huet de Gilles Hempel interesséiert mat verfollegt, wat de Claude Meisch e Freideg presentéiert huet. Seng Fondatioun baut nämlech selwer Sozialwunnengen. An tatsächlech kéimen elo eng Rei Verbesserungen, esou de Gilles Hempel am 100,7-Interview.
"Also et gëtt elo en Dialogue structuré säit dem leschte Gesetz, wou mir eis reegelméisseg treffe mam Ministère du Logement. Dat ass eng Kéier d'FEDAS, eng Kéier de Syvicol, de Fonds du Logement, d'SNHBM an de Ministère du Logement, wou mir eis am leschte Joer zwielef Mol getraff hunn, fir justement iwwer dat neit Gesetz ze diskutéieren."
Bei deenen Treffe wier de Ministère ganz oppe fir Suggestioune gewiescht, esou de Gilles Hempel.
Gemenge mussen aktiv bleiwen
Fir d'lescht gouf d'Gesetz réischt virun zwee Joer geännert. Elo hätt een och op d'Leit aus dem Secteur gelauschtert, wat dem Gilles Hempel no eng gutt Saach ass.
"Mir hunn elo déi éischt Experienze gemaach mat deem Gesetz an hunn dann eeben och dem Ministère matgedeelt, wat mir eis do géife wënschen als Verbesserungen. A si sinn och dorobber agaangen."
D'Gemenge wieren de Verléierer vum Gesetz vum Logement abordable vun 2023 gewierscht, mengt de Gilles Hempel. Duerch dat Amendement gi si awer elo gläichgestallt mat deenen anere Promoteur-sociallen. Dat wier wichteg, esou den Direkter vun der Fondation pour l'accès au logement, well et bréicht ee Gemengen, déi am Logement abordable aktiv sinn.
Gefor vun enger Segragatioun
Eng aner Ännerung ass déi, datt de Staat den ënnerschiddlechen Terrainspräisser uechtert d'Land wëllt d'Rechnung droen, wann een abordabel Wunnengen op enger Plaz wëllt bauen, wou et méi deier ass. Dobäi komme méi finanziell Mëttel, fir besteeënd Gebaier energeetesch ze sanéieren a se zu abordabele Wunnengen ze maachen. Dat kéim der Fondation pour l'accès au logement entgéint, esou de Gilles Hempel.
"Am Norde sinn Terraine méi bëlleg a mir hu mat Habitatio déi lescht Jore virun allem am Norde Projeten entwéckelt, well dat war déi eenzeg Plaz, wou mir eis et konnte leeschte Projeten ze entwéckelen. An dat ass awer net gutt. Dat géif jo zu enger Segregatioun féieren, datt mir op eemol de ganze Logement abordable am Norden hätten."
Och déi 15 bis 25 Prozent méi Subventioune bei Renovatioune géingen dozou féieren, datt Promoteuren dës Optioun méi dacks géingen huelen, wat insgesamt och méi ökologesch ass amplaz eppes ofzerappen an nei ze bauen.
"E Gesetz, wat besser ass, wéi virdrun"
Ënner dem Stréch fënnt de Gilles Hempel, datt dëst ee "relativ gudde Programm" ass.
"Ech mengen, hei ass et elo net néideg, iergendwellech kritesch Téin unzewenden, well mir ware jo mat an deem Prozess domat dran a mir konnten an deem Dialog eis Fuerderungen duerleeën an déi sinn och grosso modo ugeholl ginn. Elo hu mir am Fong e Gesetz, wat besser ass wéi virdrun."
An och wann d'Situatioun um private Wunnengsmaart weider relativ ugespaant bleift, sou ass de Gilles Hempel awer der Meenung, datt "den Non-Profit-Secteur nach e bësselche méi" gefërdert muss ginn, wéi dat am privaten de Fall ass.