Eng Offensiv a Saachen abordabele Wunnraum wier awer net a Siicht, trotz de gesetzlech Changementer, déi de Minister Claude Meisch (DP) virun enger Woch ugekënnegt hat, bedauert déi Lénk.
Privat-ëffentlech Partnerschaften ee "problematesche Paradigmewiessel
D’Méiglechkeet, datt an Zukunft och privat Promoteuren iwwer privat-ëffentlech Partnerschaften an den abordabele Wunnengsbau solle kënnen eraklammen, géif ee "problematesche Paradigmewiessel" mat sech bréngen, esou de Gary Diderich.
"Hei subventionéiert de Staat also erëm d’Gewënnmarge vu Giorgetti & co. A si sinn zweemol Gewënner. An et ass ee Kaddo fir d’Kolleege vun där doter CSV-DP-Regierung."
"Leit veraarmen andeem se Locataire bleiwen"
Déi aktuell Situatioun um Wunnengsmaart wier weiderhin eng Katastroph, stellt de lénken Deputéierten a Member vum Stater Gemengerot David Wagner fest. Eng Konsequenz dovu wier, datt vill Leit weider misste loune goen.
"Wéi mer och gewuer gi sinn, dat ass, datt d’Loyeren nach gewuess sinn, op jiddwer Fall nach méi wéi d’Inflatioun: D’Resultat, d’Leit veraarme weider andeem se Locataire bleiwen."
Diskussioun iwwer Loyersdeckel weider néideg
D’Regierung wier awer net bereet, d’Loyere méi staark gesetzlech ze encadréieren, duerch eng Reform vum Mietgesetz, bedauert den David Wagner. Et misst ee weider iwwer ee Loyersdeckel diskutéieren.
Déi Lénk no, wieren iwwer déi lescht véier Joer am Duerchschnëtt 287 abordabel Wunnenge pro Joer op de Maart komm. An deem Rhythmus géif et bis an d’Joer 2130 daueren, bis de Wunnengsbesoin vun 2020 erfëllt wier.