Eng weider Propos ass de Stopp vun den Immobiliespekulatiounen an e bessere Schutz vun de Keefer a Locatairen.
Amitiéist Zil vun 20%
Zil wier et, de Wunnraum bezuelbar ze maachen. Eng konkret Mesure, fir dat ambitiéist Zil vun 20 Prozent abordabelem Wunnraum bis 2035 ze erreechen, wier et, méi séier ze bauen, esou d’Paulette Lenert, Responsabel fir Logement an der LSAP.
"Dat seriellt Bauen, dat ass a ville Länner effektiv an deene leschte Joren opkomm, huet sech och wierklech bewisen. Dat ass eppes, wou een an eng ganz modern an innovativ Architektur kann eragoen, wou schnell gebaut gëtt, ass am Fäerdegbau. Et huet de Virdeel, datt et ganz nohalteg ka sinn, wann een dat deementspriechend ausschreift, ka flott sinn. Virun allem kann een och um Niveau vun de Prozeduren undenken, dass een op Standardgeneemegunge geet, wou een extreem Zäit kéint spueren."
D'Paulette Lenert ënnersträicht dobäi, datt seriellt Bauen net engem sougenannte Plattebau misst gläichen. Et sollt vill méi eng Méiglechkeet bidden, Bauprojete séier accordéiert ze kréien.