Radioen

On air

Tockcity  |  Momma - Bottle Blonde

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Vertrauenskris" am Logement

Chambre immobilière

"Vertrauenskris" am Logement

D’Chambre Immobilière reagéiert an engem Communiqué op déi rezent Aussoen vum ABBL-Chef an engem Interview mat Paperjam. Am Schreiwes heescht et, datt d’Promoteuren an der Logementskris net refuséiert hätten ze bauen, mee si hätten sech gezwonge gefillt virsiichteg ze reagéieren.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow

D’Chambre Immobilière schwätzt vun enger "Vertrauenskris", bedéngt duerch vill Facteuren. Dorënner héich Zënsen, Baukäschten déi klammen, Finanzéierungsproblemer a vill Onsécherheet bei de Reglementer. Développeuren hätte wéinst dësen Ëmstänn net opgehalen ze bauen, mee missten aus Virsiicht handelen.

Grad d'Promoteure wieren déi Haaptbetraffe vun der Kris, schreift d‘Chambre immobilière weider, well si déi héich Käschte gedroen hätten. Duerch déi rezent Annoncë vun der Regierung géif sech de Secteur awer elo entspanen, behaapt nach d‘Chambre Immobilière.

De Jean-Paul Scheuren vun der Chambre Immobilière erkläert am 100,7-Interview, datt sech d’Clienten a Krisesituatiounen éischter fir scho bestoend Immobilie géifen intresséieren an net genuch Vertrauen an Neibau-Projeten hätten. 

Lauschterenplay_arrow