Zejoert hat de Ministère Konventioune fir 504 nei Wunnengen ënnerschriwwen.
Ufanks dës Joers goufen et 3.935 Wunnenge mat lafender Konventioun, seet de Julien Zebrowsky vum Spezialfong fir abordabel Wunnengen.
"213 Projete konnte clôturéiert ginn, nodeems de finalen Dekont erakomm ass, esou datt mir elo eeben nach 4.226 Wunnengen am Fonds spécial hunn, fir déi nach Scholde vum Staat vis-à-vis vum Bauträger bestinn."
Déi Scholde ginn zu zwee Drëttel vum Fonds du Logement a vun der Sociéte nationale des habitations à bon marché, kuerz SNHBM, ausgemaach.
déi Lénk: No Marchéspräisser kafe problematesch fir de Staat?
Den David Wagner vun déi Lénk hat an der Diskussiounsronn eng Fro zu engem spezifesche Projet, bei deem fir 8,4 Milliounen Euro 31 Ar Terrain zu Bouneweg kaf goufen. Dat mécht en Ar-Präis vu ronn 270.000 Euro. Den David Wagner géif et zwar gutt fannen, datt de Fond dat opkeeft.
"Mee de Staat keeft elo och op no Marchéspräisser, an dat dreift e bëssen awer och nach d'Spiral no uewen, vue datt zur Zäit jo och keng richteg Mesurë géint Spekulatioun geholl ginn. Dat ass jo net Äre Feeler. Mee ass dat net problematesch?"
De Guy Entringer, Generaldirekter vun der SNHBM, huet erkläert, datt an deem Fall eng Privatpersoun un de Staat erugetruede wier. De Präis pro Ar géif héich schéngen, mee de Staat hätt dofir keng Plaffonge gesprengt, an de Kaf hätt Sënn gemaach. Well, wéi de Logementsminister Claude Meisch preziséiert huet, vill dorop kéint gebaut ginn. Dofir hätt deen Terrain dee Wäert gehat.