Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LSAP wëll der Regierung d'Limitten opweisen

Neijoerschpatt

LSAP wëll der Regierung d'Limitten opweisen

D’LSAP huet op hirem Neijoerschpatt gëschter um Donneschdegowend zu Miersch net mat Kritik un der CSV-DP-Regierung gespuert. Et wier een enttäuscht, wann net entsat iwwer si, sot d’Parteipresidentin Francine Closener. Et géif een net zouloossen, datt Schwaarz-Blo alles géif futti maachen, wat een iwwer Joerzingten opgebaut hätt.

auto_stories

2 min

Neijoerschpatt | © LSAP
Foto: LSAP

Virun allem am soziale Beräich wëll d'LSAP verhënneren, datt déi nei Regierung komplett mat deem brécht, wat ënner Blo-Rout-Gréng opgebaut gi wier. Un d’Fëllement vun de Pensiounen ze goe wier een “no-go”, huet d’Fraktiounschefin Taina Bofferding gemengt.

LSAP: Logement ass a bleift de gréisste Problem

Hir Partei géif de Leit Alternative bidden, hinnen d’Limitte vun der Regierung opweisen, a kloer soen, wat d’LSAP wëll.

"Zum Beispill wëlle mir, dass de Mindestloun erhéicht gëtt, fir dass Familljen dovu kënne liewen, dass si net Sozialleeschtungen nach musse bezéie fir iwwerhaapt mol iwwer d’Ronnen ze kommen. Mir wëllen eng gerecht Steierreform, fir dass déi Kleng an d’Geréngverdénger net iwwerproportional méi Steiere musse bezuele wéi déi, déi Milliounen a ganz vill Goss verdéngen."

Virun allem wéilt een, datt am Logement - dem Problem Nummer 1, esou d'Taine Bofferding - "endlech d'Spekulatioun besteiert gëtt". De Leerstand soll bestrooft ginn, an et soll "massiv, awer wierklech massiv" an den abordabele Wunnraum investéiert ginn, "amplaz, sou wéi dës Regierung et mécht, Steierkaddoe fir d’Baufirmen a fir Promoteuren.”

An den Ae vun der Ex-Ministesch ass eng Politik néideg fir a mat de Leit, an eng Politik, déi verbënnt an net spléckt, mee jidderengem Hoffnung gëtt fir d’Zukunft.