arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwer 500 nei abordabel Wunnengen am Joer 2024

Logement

|
headphones

1 min

Iwwer 500 nei abordabel Wunnengen am Joer 2024

De Logementsminister Claude Meisch huet haut um Donneschdeg der Chamber de Joresrapport vum Fonds spécial pour le logement abordable presentéiert. Am Joer 2024 sinn deemno am Ganze 504 nei Wunnenge bäikomm, esou datt de Bestand elo op 4.226 Logementer klëmmt.

headphones

1 min

© Rupert Oberhäuser / picture alliance
(Foto: Rupert Oberhäuser / picture alliance)

De Bestand ass verdeelt op bal 300 Projete mat 82 Gemengen.

Déi staatlech Engagementer leien dobäi bei ronn 669 Milliounen Euro.

Weider huet de Staat 228 Wunnenge kaf an iwwer 11 Hektar Terrainen opkaf, wou nach ëm déi 400 Logementer kéinten entstoen.