arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geplangte Grond- a Mobilisatiounssteier gouf presentéiert, Oppositioun reagéiert

Gesetzesprojet

|
headphones

4 min

headphones

2 min

play_arrow

Geplangte Grond- a Mobilisatiounssteier gouf presentéiert, Oppositioun reagéiert

Op enger gemeinsamer Pressekonferenz vun den Innen- a Logementsministere Léon Gloden a Claude Meisch gouf haut um Donneschdeg d’Reform vun der Grondsteier presentéiert. D'Reaktioun vun der Oppositioun huet net laang op sech waarde gelooss.

headphones

4 min

headphones

2 min

play_arrow
© MAINT
(Foto: MAINT)

Beim Ausschaffe vun der Reform gouf sech op ee Projet de Loi baséiert, deen 2022 vun der fréierer LSAP-Inneministesch Taina Bofferding deposéiert gi war.

Kritik un der Taina Bofferding

Un deem Projet de loi sinn awer eng ganz Rei Ännerunge gemaach ginn: 66 Amendementer hätt d’Regierung decidéiert, huet de Léon Gloden erkläert. Hien huet och net mat Kritik u senger Virgängerin gespuert. 

De Projet vu senger Virgängerin Taina Bofferding wier net bis zum Schluss duerchduecht gewiescht, dofir hätt hien sou munches missen nei evaluéieren, esou de Léon Gloden.

"Ech hunn an deene leschte Wochen an Deeg héieren, bei mir géif Projeten am Tirang leien. Ech wëll awer eng Kéier kuerz soen, datt d'Kolleege vun der lëtzebuergescher sozialistescher Aarbechterpartei, menger Meenung no an enger Märchewelt liewen. No 20 Joer wësse si elo op eemol alles besser."

Véier Krittären

Déi nei Grondsteier soll op 4 Krittäre baséieren: D’Potential vum Terrain, seng Gréisst, d’Proximitéit zu der Stad an d’Servicer an der Gemeng. Domat gëtt eng Valeur de base vum Terrain ausgerechent a Form vun enger Punktzuel, déi da mat engem kommunalen Taux multiplizéiert gëtt.

Am Projet de Loi vun der Taina Bofferding war virgeschloe ginn, datt deen Taux tëschent 9 an 11 Prozent vun der Valeur unitaire misst leien.

"Mir hunn decidéiert, opgrond och vun der Autonomie communale, a well d'Gemenge wierklech och eng vun den Haaptaufgabe vun de Gemengen ass, hiren Territoiren ze amenagéieren, hir Politik och do selwer kënne festzeleeën, hu mir decidéiert, déi Forschette erauszehuelen."

De Léon Gloden geet awer net dovun aus, datt de Montant vun der Grondsteier fir den Eenzele staark wäert änneren am Verglach mat haut.

Nieft der Reform vun der Grondsteier gouf och déi nei Mobiliséierungssteier virgestallt. En Terrain, deen zwar kéint bebaut ginn, mee eidel steet, gëtt mat dem neie Gesetz ab dem 5. Joer progressiv besteiert.

"Déi éischt véier Joer bezilt en näischt. Dat fënneft Joer, nom Akraaftriede vum Gesetz, bezilt een 260 Euro. No 11 Joer 3.900 Euro. No 16 Joer 12.900 Euro. An no 20 Joer dann all Joer 23.200 Euro."

Proprietären, déi d’Bauplaz an der Famill hale wëllen, mussen déi Steier net bezuelen, bis d’Kanner 35 Joer al sinn. Esou laang kréie si e substantiellen Abattement.

Reaktioune vun der Oppositioun

Virun der Presentatioun fir d’Press haten déi zwee Ministeren déi zoustänneg Chamberkommissiounen iwwer de Gesetzprojet zur Grond- a Mobilisatiounssteier an d’Bild gesat: Dobäi gouf bekannt, datt den CSV-Deputéierte Marc Lies Rapporteur vun deem Projet de loi wäert sinn.

De Gesetzprojet an déi 66 Regierungsamendementer zum initialen Text vun der viregter Inneministesch Taina Bofferding huet d’Oppositioun mam Substantiv "Verwässerung" ëmschriwwen. Oder mat der Formel “ze wéineg, ze spéit". Dat war de Constat vum Meris Sehovic vun déi gréng, dee wuel d’accord ass mat technesche Verbesserunge par rapport zum initialen Text, fir de Rescht awer bedauert, datt d’Grond- an d’Mobilisatiounssteier eréischt vun 2030 u solle gëllen.

Et géifen och Schlupflächer geschafen, an d’Kannerklausel géif opgeweecht ginn.

"De Cas de figure, dass ech e groussen Terrain hunn, och e Kand hunn, ënner 35 Joer, ech maachen en Abattement geltend, ech verkafen den Terrain dono un e private Promoteur, deen näischt mat mir ze dinn huet: Da muss ech trotzdeem keng Mobiliséierungssteier bezuelen."

Taina Bofferding: Kannerklausel stéiert

D’Kritik vum David Wagner vun déi Lénk geet an déi selwecht Richtung: Et kritt een e Kand, et huet een en Terrain, et viabiliséiert een deen net, ma et bezilt ee keng Steieren, well dat Kand deen Terrain potenziell bebaue kéint:

"Ursprünglech war et sou virgesinn, dass, wann den Terrain schlussendlech net awer un d'Kand geet, een déi Steieren dann dem Stat zeréckbezilt. Dat fält elo ewech. Dat heescht, do entsteet e risegt Schlupflach."

Déi viregt Inneministesch Taina Bofferding vun der LSAP stéisst sech - och wa si frou doriwwer ass, datt hir Grondbasis bestoe bliwwe wier - och un der Kannerklausel.

"Dat heescht näischt anescht, wéi dass ee 35 Joer en Abattement kritt, wou een näischt muss mam Terrain maachen. Dat heescht, 35 Joer kann den Terrain reng theoretesch brooch leien, wärend mir awer all jéimeren, dass mir e Logementsproblem am Land hunn."

Tom Weidig: De fräie Maart bleift dat Bescht

An den Ae vum Tom Weidig vun der ADR hëlleft eng Steier net signifikativ, fir datt Leit bauen, soudatt dat heiten éischter Symbolpolitik wier.

"Allgemeng ass et einfach halt nees vill Exemptiounen, vill Bürokratie. Mir léisen den Haaptproblem net."

De fräie Maart wier dat Bescht, laangfristeg fir Wunnraum ze schafen, esou nach den ADR-Vertrieder. 

play_arrow Lauschteren