arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Meisch wëll Partnerschaften tëschent ëffentlechem a privatem Secteur encouragéieren

Abordabele Locatiounswunnraum

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Claude Meisch wëll Partnerschaften tëschent ëffentlechem a privatem Secteur encouragéieren

Den DP-Logementsminister Claude Meisch wëll méi erschwéngleche Locatiounswunnraum schafen duerch Partnerschaften tëschent ëffentlechem a privatem Secteur: Um Freidegnomëtten huet hien een Appell fir Pilotprojeten an deem Sënn lancéiert.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
De Claude Meisch op enger Pressekonferenz | © Nicolas Calmes
De Claude Meisch op enger Pressekonferenz (Foto: Nicolas Calmes)

Nieft den ëffentleche Promoteuren, de Gemengen, an dem karitative Secteur, soll och de private Secteur erschwéngleche Locatiounswunnraum schafen. Den DP-Logementsminister Claude Meisch huet dofir, wéi hie sot, e weideren Outil aus der Geschierkëscht presentéiert. Woubäi et villméi en Appell un d’Privatinitiativ war, fir Pilotprojeten an deem Sënn virzeleeën.

Rendement, dee vum Staat garantéiert ass

Eng Gestioun duerch de Fonds du Logement, e Contrat de bail iwwer 20 Joer, e Loyer ënner dem übleche vum Marché an e Virkafsrecht vum Staat no 20 Joer: Dat sinn d’Eckdate vum Minister sengem Appell. De Staat soll deemno de geschafenen, erschwéngleche Wunnraum lounen, en iwwer de Fong verlounen an d’Differenz iwwerhuelen. Woubäi e Verkaf vum Projet och méiglech ass, esou de Claude Meisch.

“Dat kéint och, soe mir mol, en interessante Produit si fir Investisseuren, déi ebe wëlle wuel e bescheidene Rendement hunn, mee awer e séchere Rendement, dee vum Staat och garantéiert ass, fir hir Investitioun, déi si do tätegen.”

D’Zil ass et, méi erschwéngleche Locatiounswunnraum ze schafe fir de Fonds du Logement. Vum Prinzip hir wier dee Schrëtt zejoert scho festgehale ginn op der Journée du Logement, an am Laf vun deem Joer hätt een och Echangë mat der Chambre immobilière gehat, betount de Logementsminister.

Claude Meisch hofft op ee “Stock u Projete vun der Privatinitiativ”

Am Ministère erwaart ee sech dann och e gewëssenen Intressi an eng Serie u Projete vun där Säit.

“Mir hu festgestallt, wa mir déi rezent Statistike kucken iwwer den Immobiliemarché, datt de Marché sech jo erëm normaliséiert huet, wat d’Bestandswunnengen ubelaangt, mee datt nach e grousse Problem besteet bei neie Wunnprojeten, déi eréischt gebaut solle ginn. Kafen um Plang ass momentan däitlech manner attraktiv fir Privatleit, aus enger Rei vu Grënn, offensichtlech.”

An dofir hofft de Claude Meisch eben op ee “Stock u Projete vun der Privatinitiativ”.

play_arrow Lauschteren