arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Naturzerstéierung: Staat a Gemenge kréie méi Zäit fir Kompensatiouns-Mesuren ëmzesetzen

Bauprojeten

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Naturzerstéierung: Staat a Gemenge kréie méi Zäit fir Kompensatiouns-Mesuren ëmzesetzen

De Staat an d‘Gemenge kréien däitlech méi laang Zäit fir Kompensatiouns-Mesuren ëmzesetzen, wa bei Bauprojeten Natur zerstéiert gëtt. Den Delai dofir gëtt vun elo 7 Joer op 15 Joer eropgesat. Déi deementspriechend Ännerung am Naturschutzgesetz gouf um Donneschdegmoien an der Chamber ugeholl.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Kristina Kutleša / Unsplash
(Foto: Kristina Kutleša / Unsplash)

Den aktuelle System gouf mam Naturschutzgesetz vun 2018 ageféiert. D‘Bauträger finanzéieren d‘Kompenséierung, an de Staat an d‘Gemenge setzen d‘Mesuren duerch Naturschutz- a Regeneratiouns-Projeten do ëm, wou gebaut gouf.

Wou soll kompenséiert ginn?

Mee et gëtt e Problem: Am Zentrum an am Süden - also do, wou am meeschte gebaut gëtt - gëtt et ëmmer méi schwéier, Fläche fir d‘Kompenséierungsmesuren ze fannen, esou den DP-Deputéierte Luc Emering.

"Wa mir soen, méi a méi séier bauen, a mir hunn iergendwann op deene Plazen, wou vill gebaut gëtt, keng Fläche méi fir ze kompenséieren, da wäerte mir och iergendwann net méi kënne bauen."

Duerch d‘Verlängerung vum Delai vu 7 op 15 Joer soll d‘Problematik vun där limitéierter Kompenséierungs-Fläch entschäerft ginn. Mee laangfristeg wier de Problem domat net geléist. Dem DP-Deputéierte Luc Emering no, misst dofir d‘Kompenséierung och an anere Regioune kënne gemaach ginn, wéi do, wou gebaut gouf. Hien huet de Norde vum Land genannt.

Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot war net d‘accord: Et misst weider do kompenséiert ginn, wou gebaut gëtt.

Expropriatioun oder "in situ" Léisungen

Eng Méiglechkeet, fir u méi Fläch ze kommen, wier och d‘Expropriatioun, an der zoustänneger Chamberkommissioun wier schonn doriwwer diskutéiert ginn.

"Mir krute gesot, dass dat méiglecherweis am Waassergesetz méiglech wier, dass do eng Utilité publique kéint declenchéiert ginn, déi zu Expropriatioune féiere kéint. Ob een dee Prinzip net gegeebenefalls sollt auswäiten, fir och aner Kompensatiounsmesuren ze maachen?"

Déi fréier gréng Ëmweltministerin Joëlle Welfring huet op sougenannten "in situ" Léisungen higewisen. Also, datt de Naturschutz direkt bei der Realisatioun vum Bauprojet agebonne gëtt, sou datt manner Kompenséierung néideg ass.

"Do ass kloer nach Loft no uewen. An dat Schéint ass jo, dass mir mat enger naturintegréierter Bauweis net nëmme Kompensatiounsfläch, Zäit a Sue spueren, mee och Liewensqualitéit bäigewannen."

Den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes sot, d‘Regierung hätt Aarbechtsgruppen agesat fir weider méiglech Pisten auszeschaffen. Eng Analys vun den Terrainen de Staat fir d‘Kompenséierung kéint fräi ginn. Oder, datt Privatleit hir Terrainen iwwer zäitlech begrenzte Kontrakter fir Kompenséierungsmesure kéinten zur Verfügung stellen.

play_arrow Lauschteren