Am 100,7- Interview hat de Minister sech fir Ausnamereegelunge fir Lëtzebuerg an aner Länner, déi schonn héich Standarden a Saache Schutz vun de Bëscher hunn, ausgeschwat.
En ongültegt Argument?
D'Organisatioune kritiséieren, datt d'Regierung trotz hirem Bekenntnis zum Schutz vun de Bëscher op europäeschem Niveau un enger méiglecher Ofschwächung vum Gesetz matwierkt. D'Aféierung vun enger "risikofräier Kategorie", esou wéi och d'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen et gefuerdert hat, géif d'Grondlag vun der Veruerdnung a Fro stellen, esou d'Kritik, erkläert d'Martina Holbach vu Greenpeace. Si fäert, datt dës Veruerdnung esou soll bis op Weideres verréckelt ginn.
“A mir froen eis wierklech, wat fir eng Agenda do hannendru stécht. Mir hate schonn um Enn vum leschte Joer Bestriewungen op europäeschem Niveau, ugeféiert vun de konservativen a rietsradikale Kräften am Europaparlament, fir dës Veruerdnung ze kippen. A mir fäerte ganz, datt dat elo nees ënner dem Virwand vun enger Simplification administrative de Versuch ass, fir déi Veruerdnung komplett vum Dësch ze wëschen.”
Greenpeace an natur&ëmwelt loossen och d'Argument vum Serge Wilmes iwwer den administrativen Opwand, deen dëst Reglement mat sech brénge géif, net gëllen. Rëndfleeschproduzenten a Fierschter missten zum Beispill nëmmen eemol am Joer eng Erklärung am Informatiounssystem vun der Europäescher Kommissioun ofginn.
Kohärenz vun der Politik gëtt a Fro gestallt
D'Organisatioune fuerderen d'Regierung op, sech kloer hanner eng konsequent Ëmsetzung vun der Veruerdnung ze stellen, fir der Glafwierdegkeet vun der EU als Handelspartner net ze schueden, erkläert d'Martina Holbach.
“Also et ass och do nees eng Fro vu Kohärenz vun de Politicken, déi mir ganz kloer hei a Fro gestallt gesinn.”
Greenpeace an natur&ëmwelt hätten zu deem Sujet ee Rendez-vous beim Ëmweltministère ugefrot, mee hätten elo eng Ofso kritt, mam Argument, datt d'Positioun vun der Regierung jo kloer wier.
“Also dat ass eng Basta-Politik, wéi se och vum Premier geféiert gëtt, an deen elo och op aner Ministeren offierft anscheinend. Also ech mengen, esou kann een och mat der Société civile net ëmsprangen, andeem een einfach den Dialog an den Austausch vun Argumenter, déi mir och him kéinte virbréngen, einfach verweigert.”
Bis 2035 kéint d'EU-Deforestatiounsgesetz Experten no méi wéi 8 Milliounen Hektar Bësch weltwäit virun der Ofholzung schützen, esou nach d'Prezisioun vun den Ëmweltschutzorganisatiounen.