D’Wirtschafts- an d’Ëmweltministeren hu gëschter um Freideg an deem Sënn 51 Moossname presentéiert. Engersäits ginn d’Autorisatiounsprozedure vereinfacht an digitaliséiert, mat ënner anerem enger Verkierzung vun den Delaien bei der Verwaltung an am Fall vu Recoursen. Weider brauch een zum Beispill keng Geneemegung vun der Gemeng méi fir kleng Photovoltaikanlagen.
Da ginn nei Fläche festgeluecht, op deenen een déi Anlage kann installéieren, op Agrarflächen oder och laanscht den Autobunnen. Och d’Implantatioun vu Wandrieder gëtt vereinfacht.
Changementer ginn et och bei de Koproprietéiten. An Zukunft muss een net eng Majoritéit vum Syndic hu fir eng Borne oder PV-Anlag ze installéieren. Weider gëtt um Projet vum Préfinanzement fir PV-Anlage geschafft.
D’Gesetzprojeten oder Règlement grand-ducallen fir d’Hallschent vun den 51 Moossname kéinte scho virum Summer deponéiert ginn, esou de Wirtschaftsminister.