De Klimabonus Bësch ass e grousse Succès, sou den Ëmweltminister. Eleng dëst Joer goufen eng 600 Demanden agereecht fir eppes iwwer 6.500 Hektar. Elo gëllt des Mesure och fir Wisen a Fiichtgebidder a privater Hand déi op mannst 0,3 Hektar grouss sinn an déi offiziell als Biotop am Kadaster agedroe sinn, dat an der Gréngzon. Gestaffelt no Surface kann een des Primm dann ufroen.
"Unerkennung fir d'Déngschtleeschtung vu Biotopen"
Konditioun ass, datt de Biotop a sengem Zoustand belooss gëtt. Wichteg wier et d‘Funktioun vun dëse Biotopen ze erhalen, sou den Ëmweltminister Serge Wilmes.
150 Euro pro Joer pro Hektar solle subventionéiert ginn.
"Dat ass eng Unerkennung fir déi vill verschidden Déngschtleeschtungen, déi jo och esou Biotope bréngen, wann een sech drëms këmmert. wéi zum Beispill d'CO2-Späicheren, Waasserspäicher, Waasserfilteren, awer och Liewensraum bidden enger ganz Hellewull vun Insekten, Déieren a Planzen."
Klimabonus Bësch gëtt och iwwerschafft
Nodeems d‘Demande bei der Naturverwaltung agereecht gouf gëtt eng éischt Kontroll op Basis vun de Biotopkaarten duerchgefouert an duerno dann och um Terrain vun de Beamte vun der Naturverwaltung. Ginn d‘Konditiounen net oder net méi erfëllt entfält déi järlech Subventioun. Déi gëtt iwwregens nach eemol erop gesat wann den Terrain an enger geschützter Zon läit. Méiglech ass och d‘Schafe vun engem neie Biotop. Parallel zum Klimabonus Wisen a Mouer gëtt och de Klimabonus Bësch deen 2021 agefouert gouf iwwerschafft. Bëscher sinn deemno scho vun enger Surface vun 0,3 Hektar un eligibel. Bis elo waren dat 0,5 Hektar.