arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Jeeërfederatioun adresséiert sech un d'Politik an un d'Baueren

Generalversammlung

|
headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow

D'Jeeërfederatioun adresséiert sech un d'Politik an un d'Baueren

D’Theeme Preventioun a punkto afrikanesch Schwéngspescht, de Klimawandel an ee Wëldbestand, deen ze héich ass, mee och d’Verhale vun de Läit am Bësch selwer hunn op der Generalversammlung vun der Jeeërfederatioun dominéiert.

headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow
© Carole Schimmer
(Foto: Carole Schimmer)

Op der Generalversammlung gouf d’Mandat vum President Jo Studer verlängert. Hien huet betount, datt een nieft der Juegd och aner Moossname misst ergräife fir de Wëldschued a Grenzen ze halen.

Fort vun de Monokulturen

D’"Wëlddichte" hëlt wéinst dem Klimawiessel zou, parallel géif een dem Wëld ëmmer manner Plaz loosse wou et a Rou gelooss gëtt. Dowéinst misst ee Réckzuchsgebidder virgesinn, wou d’Déiere kënne rouen.

Déi vill Wanderweeër an Hënn, déi net un der Längt gehale ginn, géifen d’Wëld awer stéieren. Kloer ass, datt d’Wëld ewéi d’Réi jonk Beem uknabbert, fir ze iwwerliewen, an dach ass de Jo Studer net zefridden iwwer d’Gatteren, déi an de Bëscher opgestallt goufe fir jonk Beem ze schützen.

"Mee wa mir awer déi Hektare Gatter dobausse gesinn, déi maache kee Sënn, et deet mer leed, esou kann et net fonctionéieren. Den Drock gëtt nach ëmmer méi grouss op eise Flächen. Mir hunn ëmmer méi Weeër, dat wësse mir, an do gëtt et wierklech kee Grond méi, dass iergendwou nach een op der Juegd soll eppes do ronn bréngen. Dat geet net."

Weider misst een ewech komme vun de Monokulturen an et misst een op spezifesche Fläche Planzen ubauen, déi d’Wëld unzéien.

Gesetzlech Ausnamen

Fuerderunge ginn et awer och zur Organisatioun vun der Juegd: D’Federatioun ass der Meenung, datt ee wärend engem Joer kéint Moossnamen ergräifen.

"Ech si wierklech een 'Anti-Nuets-Jeeër' an ech kennen der nach vill heibannen, déi dat och sinn, mee am Moment ass et onbedéngt néideg, fir dofir ze suergen. Ech sinn awer der Meenung, dass mir do och musse kënnen an engem Gesetz eng Exceptioun maachen, wou ee seet: 'Voilà, cas de force majeure, mir hunn d'afrikanesch Schwéngspescht iergendwou virun der Dier.'"

De Gestiounsplang vun der afrikanescher Schwéngspescht ass eng weider Suerg vun der Jeeërfederatioun. De Landwirtschaftsministère huet 30 Kilometer laangen elektreschen Drot kaf, dee soll agesat gi fir Zonen ze securiséieren, sollt ee Fall zu Lëtzebuerg optrieden.

Hëllef vun de Bauere per Dron?

An deem Kontext soll eng Hondsstaffel entstoen, déi sech op d’Sich no Déierekadavere spezialiséiert fir eventuell doudeg Wëllschwäi kënnen ze fannen an ze entsuergen. Donieft ginn et och Formatioune fir Fierschter a Jeeër, fir séier kënnen de Virus nozeweisen.

Een aneren Opruff vum Jo Studer wéinst der Kitzerettung huet sech un d’Baueren adresséiert. Si kéinten sech un d’Jeeër adresséiere fir mat Hëllef vun Dronen ze iwwerpréiwen, ob et op hirem Feld Kitze gëtt, fir déi da virun der Méimaschinn ze retten. 

play_arrow Lauschteren