arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kuebebierg: Neie Projet an Zesummenaarbecht tëschent der LUGA an der Ferme Urbaine

Kierchbierg

|
headphones

2 min

Kuebebierg: Neie Projet an Zesummenaarbecht tëschent der LUGA an der Ferme Urbaine

D’Gaardenausstellung LUGA an d’Ferme Urbaine um Kuebebierg um Stater Kierchbierg hunn een neie Projet zesumme lancéiert. Dat huet Generalcoordinatrice vun der LUGA, d'Ann Muller, um Freidegmëtteg virun der Press annoncéiert.

headphones

2 min

© Sté Bisenius
(Foto: Sté Bisenius)

Um Site vum Kuebebierg soll an den nächste Joren en neie Wunnquartéier mat ronn 3.000 Logementer entsoen. De Site kann een elo temporär am Kader vum der Open-Air Gaardenausstellung entdecken.

Nieft der riseger Blummewiss kann een d’Zäre vum Haff kucke goen, esou wéi hir Hinger a Schof, erkläert d'Ann Muller Generalcoordinatrice vun der LUGA.

"Landwirtschaft, de Geméisbau, den Urbanismus, d'Biodiversitéit: Dat ass am Fong eis DNA. An dofir ass et genial, dass déi Ferme urbaine elo am Kader vun der LUGA lancéiert gëtt. Ech mengen, e bëssen änlech wéi mir. Mir fonctionéieren als Laboratoire iwwer sechs Méint. Mir hunn e Projet geschafen, fir Dieren opzemaachen, fir eis ze froen, wat ass d'Stad vun haut? Wéi wëlle mir an Zukunft zesumme liewen? Wat ass iwwerhaapt d'Wäertegkeet vun deene grénge Plazen an enger Stad? A mir gesinn et, et ass Wansinn."

E generatiounsiwwergräifende Quartier

Ronn 8.000 Awunner:inne sollen eng Kéier am Quartier Kuebebierg liewen. Butteker, Schoulen, den neie Lycée Michel Lucius, mee och en Altersheim sollen an den nächste Joren am generatiounsiwwergräifende Quartier entsoen.

Wéini dësen an de Bau goe soll, konnt de Marc Widong, den Direkter vum Fong Kiechbierg, haut net soen. Am Moment wier een am gaangen, de Plan d’aménagement particulier ze deposéieren.

Schonn am Fréijoer 2022 hat de Fonds de Kirchberg dëse Projet dem Public virgestallt.