Et ass ee Pilotprojet, deen zu Rammeldang an der Gemeng Nidderaanwen entsteet. Ee mobilt Haus, gebaut mat engem Roboteraarm. D‘Maschinn änelt éischter engem Bagger, wéi engem Printer. Iwwer e laange Schlauch, op deem vir eng Spëtzt drop ass, gëtt de Bëton a Schlaangelinnen opgedroen.
Eng hëlze Plattform als Basis
D’Tiny Haus entsteet op engem 6 Ar groussen Terrain, wéi de Buergermeeschter vun der Gemeng Nidderaanwen Fred Ternes erkläert.
"Dat ass u sech een Terrain, dee matten an enger Kéier läit, dee fréier wéi d'PAPe gemaach gi sinn, eigentlech e bëssen sou iwwereg bliwwen ass. An där Terraine ginn et, denken ech, a ville Gemengen am Land."
Fir esou eng Baufläch awer notzen ze kënnen, huet d‘Gemeng decidéiert, hei een Tiny Haus hin ze bauen.
Um Terrain ass eng hëlze Plattform opgestallt ginn, déi mat meterlaange Schrauwen am Buedem verankert ass. Keng Bëtonsdall also, wéi dat bei konventionellen Haiser de Fall ass.
Manner CO2-Ausstouss beim Bau
De Roboteraarm fiert Couche fir Couche déi präzis Ëmrëss vum 47 Meterkaree groussen Haus no, sou datt lues a lues eng Mauer entsteet. Gedréckt gëtt eng Bëtons-Mëschung, déi vun enger Lëtzebuerger Firma produzéiert ginn ass. Eng Betonnière huet d’Betongsmëschung sur Place iwwer eng Pompel an den Drucker agespeist. Den Architekt vum Projet, de Bujar Hasani, erkläert d'Zesummesetzung vum Bëton.
"Dat heite besteet normalerweis aus 60 Prozent Gestengs an dann déi aner 40 Prozent ass Waasser, Zement, wou de Zementanteil manner ass am Fong, wéi an deen urspréngleche Bëton, dee mir benotzen. Da sinn och Faseren, well mir komplett hei op Eise verzichten, wéi Glasfaseren, Textilfaseren. An da sinn och aner Bindemittel, déi awer näischt lo mat Plastik oder soss eppes ze dinn hunn."
Vun engem ekologesche Point de Vu wier dës och vu Virdeel, esou den Bujar Hasani. Den CO2-Ausstouss an der Constructioun léich pro Meterkaree ëm 60 Prozent méi déif, wéi wann ee konventionell baue géif.
An just 4 Woche soll d’Haus fäerdeg sinn, esou de Buergermeeschter Fred Ternes.
"Dat ass nach ëmmer d‘Ambitioun. U sech soll den Drock selwer vum Réibau innerhalb vun e puer Deeg bis zu enger Woch kënne fäerdeg sinn."
Déi bannescht Mauere vum Haus sinn och aus dem 3D Printer. Dës ginn awer net sur Place gedréckt, mee nogeliwwert. D‘Fënsteren, dat hëlzen Dachgerüst, an och d’Solarplacken, déi spéider op den Dach komme sollen, wäerten an engem weidere Schrëtt montéiert ginn.
Eng Plaz fir Jonk an Al
De Bauprojet huet d’Gemeng Nidderaanwen final ronn 320.000 Euro kascht. Wann alles prett ass soll d‘Haus an d‘Locatioun goen. Virrang hätte jonk Leit a Senioren, esou de Fred Ternes.
"Bei deene Jonken ass d'Zil, datt si dat just zéng Joer kënne loune maximal, an datt si déi Zäit u sech hu fir Kapital un ze spueren, fir dann duerno vläicht um normale Wunnengsmarché kënnen eng Wunneng ze fannen. Ganz konkret fir dat hei Tiny House, fir déi 47 Meterkaree mat deem Präis, deen elo eebe virgesinn ass, wäert herno e Loyer vun ongeféier 900 Euro de Mount erauskommen."
Domat léich een däitlech ënner dem Marchéspräis wat Locatiounen ugeet, esou de Buergermeeschter.
Ee Virdeel vun engem Haus aus dem 3D-Drécker ass, datt et op ville Plazen an den Asaz komme kann. De Georgios Staikos, Grënner vu Firma mam Numm "Innovationsfirma", déi och dëst Haus gebaut huet, huet erzielt, datt hie viru kuerzem e Projet fir dat däitscht Rout Kräiz finaliséiert huet. De grousse Virdeel vum 3D.Drucker wier deen ,datt ee séier op Situatioune reagéiere kéint. Zum Beispill, wann Haiser zerstéiert gi sinn. Pro Dag kéint ee bis u 3 Etage bauen. A wa bis eemol een Haus geplangt ass, kann een dëst ganz einfach kopéieren.
De Grondrëss vum Tiny Haus zu Rammeldang soll bis Enn der Woch stoen.