Et misst een d’Proprietären ureizen, hir Wunnengen, déi eidel stinn, ze verlounen. Dat net nëmmen duerch eng méi héich Besteierung vum Leerstand, mee och zum Beispill duerch Steiervirdeeler bei moderéierte Loyeren oder bessere Subventioune fir Renovatiounen, esou d’Propos vum Olivier Bichel vun de Stater Sozialisten.
"Wann dëse Kader gesat ass, wann ee wierklech alles implementéiert, fir dass d'Proprietären d'Wunnengen op de Marché setzen, et awer net geschitt, se awer wëllen zeréckhalen, jo da muss ee vläicht och dohi goen a politesch Verantwortung huelen. Da muss ee vläicht verflichtend Moossnamen a Kraaft setzen."
Beispiller wieren erhéichte Kommunaltaxen mat engem dynameschen Tariff, oder eng Meldepflichte fir d'Wunnengen, déi laang eidel stinn.
"A mir brauchen och vläicht souguer Sanktiounen am Fall, wou se net gemellt sinn. Et geet ëm e Gläichgewiicht, ëm eng Balance tëschent Ureizung a Verantwortung."
De Manktem un abordabele Wunnraum wier hausgemaach, esou weider d’Kritik vun der Stater Oppositiounspartei. Ëmmer méi ze baue kéint net déi eenzeg Solutioun sinn, zemools well vill nei Projeten dacks kaum abordabel Wunnenge matbrénge géifen.