Am ëstlechen Deel vum Crassier goufe Joerzéngte laang Stëbs, Schlamm a Schlake vun der Stolindustrie deponéiert. 2006 gouf deen Deel provisoresch geséchert an ofgedeckt, mee Analysen hunn erginn, datt ee méi wäit misst goen, fir datt de Site stabiliséiert gëtt - a virun allem, datt keng cheemesch Substanzen ausgeschwemmt ginn.
De Joop Verharen, Ingenieur vu Geoconseil, déi am Optrag vun Arcelor Mittal schaffen, erkläert am 100,7-Interview, datt elo eng nei Ofdichtung no den Normen a Reegele gemaach gëtt.
"Dat besteet aus vill Schichten, déi quasi waasserdicht sinn, an déi verhënnert, datt d'Waasser infiltréiert an iergendwellech Pollutioune kann auswäschen. Dat heescht, mat der Zäit wäert d'Waasser, wat ënnen ukënnt, ofhuelen. Dat heescht, dat Waasser, wat am Moment nach als Sickerwaasser austrëtt, do wäert d'Qualitéit an d'Quantitéit wäerte sech do verbesseren. Dat ass d'Zil vun där ganzer Ofdichtung."
Bis 2028 dierft den ëstlechen Deel komplett ofgedicht sinn a mat Drainagen equipéiert sinn.
Wéi kann et zu engem Äerdrutsch kommen?
Den Äerdrutsch gouf 2014 duerch Sickerwaasser an dem ville Ree vum Wanter provozéiert. Dat soll elo evitéiert ginn, betount och den Detlef Asmus vum Ingenieursbureau Asmus Prabucki. Hien erkläert, wéi et zu engem Äerdrutsch komme kann.
"Wenn dann Regenwasser von oben, durch eine duechlässige Schicht, auf eine nicht duerchlässege Schicht kommt, dann gibt es ein Stauhorizont und dieser Stauhorizont will natürlich weg, weil es gibt dann Wasserdruck. Und wenn die Poren des Bodens mit Wasser gefüllt sind und oben kommt eine weitere Last drauf, dadurch dass die Deponie ja weiter aufgetippt wird, drückt dieses Wasser und macht den Boden kaputt. Dann ist das der sogenannte Porenwasserüberdruck und der führt dazu, dass der Boden instabil wird und wieder rutscht."
Am Crassier leeft d’Sickerwaasser nach ëmmer eraus a gëtt och gepompelt, fir et an ee System vu Lagunen ze féieren. D’Sickerwaasser ass um Ufank ganz alkalesch a gëtt iwwer déi Lagunen nees neutraliséiert, wéi den Direkter vu Biomonitor, de Jacques Mersch, erkläert.
"Dat alkalescht Waasser gëtt neutraliséiert mat enger schwaacher Saier. An déi schwaach Saier, dat ass Kuelendioxid aus der Loft. An doduerch, datt sech déi Reaktioun mécht, dat ass also eng Reaktioun tëschent Calciumhydroxid an CO2. Mee do entsteet da Calciumcarbonat. An dat ass dee wäisse Schlamm, deen een dann herno an dee Lagunagen erëmfënnt."
Stolindustrie soll seng Responsabilitéit iwwerhuelen
De gesamte Crassier gëtt ofgedeckt, dat heescht béid Säiten, an dat war fir de Monnerecher Buergermeeschter Jeannot Fürpass wichteg.
"Mee et ass u sech deen hënneschten Deel, do wou déi problematesch Offäll aus der Stolindustrie gelagert sinn, datt deen och Partie intégrante vun deem Ganzen ass an och hei hir Responsabilitéit iwwerhëlt, esou wéi dat u sech vun Ufank un ofgemaach ass. Dat schéngt mir ganz wichteg ze sinn a mir maachen dat Beschtméiglechst aus dësem Chantier, an dann eeben hoffe mir, datt dat u sech nach bis zu 200 Joer hält. An dat muss awer dauernd iwwerwaacht ginn."
A wann een esou eng grouss Fläch ofdicht, fir Sickerwaasser ze evitéieren, dann ass een Drainage vum Reewaasser néideg. Dat Waasser fléisst dann an eng Zort Réckhaltebecken. Et sinn an dësem Fall offen Dämm fir Iwwerschwemmungen ze verhënneren, oder datt de Crassier am Waasser steet.
Dat Waasser kann dann duerch Ëffnungen an deem Damm lues a lues nees erauslafen.