arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weider 10 Joer um Netz? Esou wëllt e Grupp Gemengen d'Enn vu Cattenom erzwéngen

Allianz zu Lëtzebuerg

|
headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Weider 10 Joer um Netz? Esou wëllt e Grupp Gemengen d'Enn vu Cattenom erzwéngen

Frankräich plangt d'Lafzäit vun der Atomzentral zu Cattenom ëm weider 10 Joer ze verlängeren. Sëlleg Lëtzebuerger Gemengen hu sech zu enger Allianz zesummegedoen, fir dat ze verhënneren. Elo kréie si och Ënnerstëtzung vun der Regierung.

headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow
Cattenom | © picture alliance / dpa | Becker & Bredel
Cattenom (Foto: picture alliance / dpa | Becker & Bredel)

D’Allianz vun de Gemengen, déi géint eng Verlängerung vun der Lafzäit vun der Atomzentral vu Cattenom sinn, gouf virum Summer vum Réiser Buergermeeschter Tom Jungen relancéiert. An Tëschenzäit hu sech bal 50 Gemengen ugeschloss. D’Stad Lëtzebuerg huet dat d’lescht Woch gemaach.

D’Zil ass et, datt d’Atomzentral vu Cattenom esou séier wéi méiglech definitiv erofgefuer gëtt. 

Wat ass den Impakt op Lëtzebuerg?

D’Atomzentral vu Cattenom kéint nämlech nach eng Kéier eng Autorisatioun kréie fir weider 10 Joer dierfen ze produzéieren. Allefalls huet déi franséisch Agence fir d’Sécurité nucléaire ee positiven Avis gi fir d‘Iwwerpréiwe vun den Atomzentrale vum Typ Cattenom, déi viru 40 Joer gebaut goufen.

Frankräich huet am Kontext vun där Analys en vue vun enger Verlängerung vun der Nuklearenergieproduktioun d’Obligatioun, d’Ëmweltenquête an engem Ëmkrees vun 300 Kilometer ëm d’Zentral duerchzeféieren, an dat och iwwer d'Grenzen ewech, erkläert de Réiser Buergermeeschter Tom Jungen.

"Frankräich muss eng Etude sur les incidences environnementales, eng EIE maachen, déi a Form vun enger Enquête publique och muss zu Lëtzebuerg gemaach ginn. An dat ass u sech dee Schratt, op dee mir elo hischaffen, esouwuel als Gemengen, an do och zesumme mat der Regierung, fir eeben deen Dossier kënne kritesch ze analyséieren an eis Fuerderungen ze stellen, wou mir der Meenung sinn, wou deen Dossier net komplett ass."

Infrastruktur- an Ëmweltbedenken 

An et ass an deem Kontext, wou d’Allianz vun de Gemenge wëllt kloer maachen, datt ee staark Bedenken huet iwwer d’Sécherheet vum Site vu Cattenom.

Engersäits goufe Rëss am Bëtong vun der Zentral detektéiert, iwwer déi bis elo net kloer gewosst ass, u wat dat läit. 
A weider geet et ëm d’Killwaasser - dat heescht d’Musel a Weieren - wou d’Temperaturschwankungen een Afloss kënnen hunn op d’Fauna an d’Flora.

A mam Klimawiessel kéint dat sech nach verschlëmmeren, mee och d’Sécherheet ass eng zentral Fro fir d’Gemengen, preziséiert den Tom Jungen.

"Et ginn och nach ëmmer Sécherheetsfroen, wat géif geschéien, wann een aus terroristesche Grënn konsequent oder fräiwëlleg wéilt e Fliger zum Beispill op Cattenom fale loossen? Ass dann de Sécherheetsstandard héich genuch, fir eng Katastroph do ze verhënneren? Och dat ass zum Beispill en Element, wat muss gekuckt ginn."

Ënnerstëtzung an Expertis vun der Regierung

D’Allianz vun de Gemengen hat virun ee puer Deeg Rendez-vous mat den Ëmwelt-, Santés-, an Energieministeren, an engem Vertrieder vum Ausseministère, an do gouf och festgehalen, datt d’Gemengen eng Expertis an eng juristesch Ënnerstëtzung wäerte kréien, esou de Buergermeeschter vu Réiser.

"An do gëtt e Comité interministériel agesat, wou d'Propos vun der Regierung déi war, d'Gemengen an deem Atomgrupp ze associéieren, datt mir ëmmer um leschte Stand vun den Informatioune wieren, an och esou à même gesat gi fir kënnen am Kader vun der Prozedur Asproch ze huelen, soudatt mir net zousätzlech d'Käschte mussen als Gemengen ausginn."

7 Prozent vum Stroum zu Lëtzebuerg kënnt indirekt aus Atomzentralen

Wichteg wier et awer parallel zu deenen Demarchë fir d’Eroffuere vun der Atomzentral ze fuerderen, och hei am Land déi erneierbar Energien ze fërderen.

Photovoltaik, Wandenergie an nach aner Technologië misste fir jiddereen zougänglech gemaach ginn. Nëmmen esou géif d’Energietransitioun klappen, betount den Tom Jungen, deen drop hiweist, datt nëmme 7 Prozent vum Stroum, deen zu Lëtzebuerg consomméiert gëtt, indirekt vun enger Atomzentral staamt.

play_arrow Lauschteren