arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cyano-Bakterien an der Musel just an niddreger Quantitéit nogewise ginn

No Warnung op däitscher Säit

|
headphones

1 min

Cyano-Bakterien an der Musel just an niddreger Quantitéit nogewise ginn

Nodeems déi däitsch Autoritéiten Alarm geschloen hate wéinst der Presenz vu Cyano-Bakterien an der Musel bei Koblenz, gëtt et elo Entwarnung op Lëtzebuerger Säit.

headphones

1 min

© Morgane Weidig
(Foto: Morgane Weidig)

Analyse vun der Inspection sanitaire an dem LIST hunn zwar déi Bazillen nogewisen, dat allerdéngs an niddreger Konzentratioun an nëmmen op Plaze wou d'Waasser steet. Dat gëllt virun allem fir den Hafe vu Schwéidsbeng a laanscht Meechtem. Well d'Bakterie Gëftstoffer produzéieren. soll een de Kontakt mam Waasser laanscht d‘Ufer verhënneren. Dat gëllt och fir Hënn.

Op deene betraffene Plaze soll een och keng Fësch fänken.