D’Ëmweltbelaaschtungen an déi gesondheetsschiedlech Emissioune sollte reduzéiert ginn, am Intressi vun de Leit, déi ronderëm wunnen, a vun deenen, déi do schaffen, esou d’Fuerderung.
Et sollt een, wéi beim Beispill ArcelorMittal, e Comité d’Accompagnement schafen, an deem all d’Acteuren no Léisunge fir Problemer siche sollen.
An deem Comité sollte Vertrieder vun der Kronospan sëtzen, Experte vun der Ëmweltverwaltung, Gemengeresponsabel vu Suessem an Déifferdeng a Membere vu Mouvéco a BIGS.