arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frankräich verbitt Planzeschutzmëttel Acetamiprid

Loi Duplomb

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Frankräich verbitt Planzeschutzmëttel Acetamiprid

De Conseil Constitutionel huet gëschter um Donneschdeg den Asaz vum Mëttel verbueden, also net wéi dat ëmstriddent Gesetz Loi Duplomb et virgesinn hat.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Conseil Constitutionel | © EPA/TERESA SUAREZ
Conseil Constitutionel (Foto: EPA/TERESA SUAREZ)

Den 8. Juli war d'Loi Duplomb géint de Widderstand vun de lénke Parteien duerch d'Parlament komm. D'Gauche hat awer doropshin de Conseil Constitutionel ageschalt, fir datt dëse préiwe soll, ob eng erneit Erlabnis vum Pestizid konform ass. Dëst Mëttel war 2020 a Frankräich verbuede ginn, well et sech potentiell negativ op d'Ëmwelt an déi mënschlech Gesondheet auswierkt. Och gouf eng Petitioun géint den Asaz vum Planzeschutzmëttel lancéiert, déi bannen e puer Wochen iwwer 2 Milliounen Ënnerschrëfte gesammelt hat. Den Donneschdeg den Owend huet de Conseil Constitutionel säi Verdikt matgedeelt: Gemooss un den Exigenze vun der Ëmweltcharta wier den Asaz vum Pestizid net konform.

Bauereverband weist sech schockéiert

D'Charta gesäit vir, datt all Mesure mat potentiellen Ëmweltrisiken net zu Laaschte vun zukünftege Generatiounen dierfe goen. No der Annonce huet den Elysée matgedeelt, datt de President Emmanuel Macron elo esou séier wéi méiglech d'Loi Duplomb wäert deementspriechend promulgéieren, also ouni d'Autorisatioun vum Pestizid. Déi aner Mesurë vun der Loi Duplomb, wéi zum Beispill den Asaz vu méi groussen Ziichtställ a méi grousse Waasserspäicheren an der Landwirtschaft, goufe mat e puer Aschränkunge vum Conseil Constitutionel akzeptéiert.

No der Annonce huet de gréisste Bauereverband FNSEA sech schockéiert gewisen. Si haten den Asaz vum Pestizid gefuerdert fir de franséische Bauere keen Nodeel géigeniwwer Baueren aus dem Ausland ze ginn, wou de Pestizid erlaabt ass. D'Gewerkschaft sot d'Entscheedung géif bedeiten, datt elo ganz Filièrë vun der franséischer Landwirtschaft am Stach gelooss ginn.

play_arrow Lauschteren