arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Afrikanesch Schwéngspescht: De Risiko ass weider grouss

Klappjuegd-Saison

|
headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Afrikanesch Schwéngspescht: De Risiko ass weider grouss

D'Juegdsaison fänkt muer um Samschdeg un. Et heescht also: Oppasse beim Spdséiergang am Bësch. A wéi all Joer wäert dann och an den nächsten Deeg nees driwwer diskutéiert ginn, ob déi Juegte wierklech néideg sinn oder net. An och d'Theema Schwéngspescht trëtt nees an de Virdergrond.

headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow

D'Veterinärsverwaltung ALVA weist an deem Kontext drop hin, datt d'Klappjuegte wichteg sinn, fir ze verhënneren, datt d'Wëldpopulatioun ëmmer méi grouss gëtt. Wann et méi Wëld gëtt, da klëmmt nämlech och de Risiko, datt sech Kränkte verbreeden. Grad bei de Wëllschwäi wier et wichteg, dat ze verhënneren, esou d'Vizedirektesch vun der Veterinärsverwaltung, d'Caroline Merten.

"Den Impakt vun der Wëllschwäinpopulatioun op de Risikoausbroch vun enger afrikanescher Schwéngspescht ass net minim. Do ass ganz vill Recherche och an deem Beräich, wou se soen, datt all Kéiers, wann d'Wëllschwäinpopulatioun eropgeet, ass de Risike méi grouss. Dat hu mir an de baltesche Länner gesinn."

Hei am Land konnt den Ausbroch bis elo verhënnert ginn, mee de Risiko wier weider do, seet d'Vize-Direktesch vun der ALVA.

Zesummenaarbecht mat de Fierschteren

A Rheinland-Pfalz, Hessen an Nordrhein-Westfalen wieren an de leschte Méint nämlech weider Fäll vun der afrikanescher Schwéngspescht festgestallt ginn, an dofir wier et wichteg, datt sech hei am Land och weider u Precautiounsmesurë gehal gëtt, grad elo an der Juegdsaison.

"Soubal e Wëllschwäi fonnt ginn ass, soll rapportéiert gi bei eis, an dee Moment och den Echantillon bei eis ofgeliwwert ginn. Do hu mir Ofkomme mat de Kolleege, mat de Fierschteren, wéi mir eis do sollen organiséieren. Dat ass extreem wichteg, datt dat esou séier wéi méiglech gemaach gëtt. Well wa mir bis den éischte positive Fall hunn, musse mir direkt interagéieren um Terrain."

Wann e Fall vun der afrikanescher Schwéngspescht hei am Land géif detektéiert ginn, missten d'Klappjuegten nämlech gestoppt ginn, fir ze verhënneren, datt d'Krankheet sech weider verbreet, esou d'Caroline Merten.

Keng Doudeg Déieren upaken

Et ass awer wichteg, sech net just hei am Land un d'Precautiounsmesuren ze halen. Och wann ee reest, soll een oppassen.

"Individuell ass et immens wichteg, datt eis Jeeër, déi a Risikogebitter ënnerwee sinn, an do schwätze mir vun de baltesche Länner a vum Balkan, wou nach massiv Ausbréch si vun der afrikanescher Schwéngspescht, datt déi keng Juegdtropheeë mat heembréngen, datt déi keng Produiten, Schwéngsproduiten mat heembréngen hei op Lëtzebuerg."

Bei der afrikanescher Schwéngspescht gëllt et also weider opzepassen. Méi kleng wier de Risiko iwwerdeems, datt d'Huesepescht sech staark verbreet. Hei am Land, esou d'Caroline Mäerten, wieren an de leschte Méint just ganz wéineg positiv Fäll zu Lëtzebuerg detektéiert ginn.

Och hei gëllt awer: Wann een en doudegen Hues fënnt, soll een dat mellen an dat doudegt Déier net upaken.

play_arrow Lauschteren