Haut um internationalen Dag fir d’Sensibiliséieren a Saache Gaspillage alimentaire – also d’Ewechgeheien a Verbëtze vu Liewensmëttel – sensibiliséieren d’Transition Minett a Foodsharing Luxembourg zu dësem Thema.
Si wëllen dofir déi ganz Gesellschaft mobiliséiere fir d’Entwécklung ze bremsen. En nationale Kader kéint deemno hëllefe fir, datt Lëtzebuerg seng international Engagementer anhält fir de Gaspillage bis 2030 ëm 50 Prozent ze reduzéieren an op e méi nohaltege Liewensmëttelsystem sëtzt, erkläert de Martin Lecoutère vu Foodscharing Luxembourg.
Präisreduktioun fir Produiten no um Oflafdatum
Si fuerderen ënner anerem, datt de Präis erof gesat gëtt, nach ier den Oflafdatum erreecht ass. A verschiddene Geschäfter géif et zum Beispill 30 Prozent op Produite ginn, déi geschwënn oflafen. Esou géife Mënschen déi Produiten éischter kafen, nach de selwechten Dag consomméieren an de Produit misst net ewech gehäit ginn.
“A Frankräich gëtt et zum Beispill d’Obligatioun Liewensmëttel, déi nach gutt sinn, ze spenden. Mir géifen eis wënschen, datt esou eng Obligatioun och a Lëtzebuerg géif agefouert ginn, fir Liewensmëttel ze spenden an net ewech ze geheien.”
Um Internetsite antigaspi.lu fënnt een och konkret Rotschléi. Dozou gehéiert zum Beispill intelligent anzekafen, och krommem Geméis eng Chance ze ginn, d’Killketten anzehalen an de Frigo richteg anzeraumen. Ma och de Verzicht op ze grouss Portiounen an dat kreatiivt Verwäerte vun Iessensreschter kann hëllefe manner Liewensmëttel ze verbëtzen.