D’Gesondheetsministesch Martine Deprez huet an hirer Interventioun betount, datt déi nei Spideeler hiert Ofwaasser separat traitéiere fir vun Ufank un ze verhënneren, datt iwwerhaapt Substanzen an de Waassercircuit fléissen.
Spideeler trennen Reewaasser an Ofwaasser
Déi bescht Method fir eng Verseuchung mat Medikamenter ze verhënneren, wier engersäits eng Trennung tëschent Ofwaasser a Reewaasser virzegesinn. Dat géif och an de Spideeler zu Lëtzebuerg gemaach ginn, seet d’Martine Deprez.
“An do huet all Haus intern eng Separatioun vu Reewaasser an Ofwaasser. A bei den Neibaute wäerte mer higoen an d’Ofwaasser probéieren opzebereeden. Dat heescht, datt esou wéineg wéi méiglech d'Decheten dra wäerte sinn. Decheten virun allem vun de Radiotherapien.”
Weider wier et och wichteg manner Medikamenter ze verschreiwen, grad ewéi Campagnen ze féiere fir déi Substanzen an de Recyclingzenter oder an d’Apdikten ze bréngen. D’Superdreckskëscht huet ee ganz präzisen Tri gemaach vun de problematesche Substanzen (zu deene Medikamenter gehéieren). De Chiffer wier impressionant seet den Ëmweltminister Serge Wilmes.
300 Gramm pro Awunner:in pro Joer
Bis August dëst Joer wiere ronn 129 Tonnen iwwer dee Wee gesammelt ginn an dovunner wiere 76 Prozent Medikamenter gewiescht, esou de Serge Wilmes.
“Tendenz klëmmt. Mir leie bei ronn 300 Gramm pro Awunner:in pro Joer.”
Mee och an der groer Poubelle géif een ëmmer nach Medikamenter fannen, heescht et an der Chamber. Et géif geschat ginn, datt aktuell nach 8 Tonne Medikamenter pro Joer vun de Stéit ewech geheit ginn.