arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aner Länner passe sech dem Klimawandel un: Lëtzebuerg soll méi solidaresch ginn

Action Solidarité Tiers Monde

|
headphones

2 min

Aner Länner passe sech dem Klimawandel un: Lëtzebuerg soll méi solidaresch ginn

D'ONG Action Solidarité Tiers Monde fuerdert d'Lëtzebuerger Regierung op, eng Initiativ ze ënnerstëtzen, déi de Länner aus der südlecher Hemisphär méi Sue versprieche wëllt, fir sech dem Klimawandel unzepassen.

headphones

2 min

© picture alliance/dpa | Markus Scholz
(Foto: picture alliance/dpa | Markus Scholz)

Pro Joer bräichten d’Länner aus der Südlecher Hemisphär 1,3 Billiounen Dollar fir sech op de Klimawiessel kënnen unzepassen. Dat ass d’Aschätzung, déi d’Länner aus dem Süden op der Klimakonferenz vu Baku presentéiert haten.

D'ONG ASTM, Action Solidarité Tiers Monde, bedauert, datt sech d'Länner aus dem Norden op der COP29 zu Baku just op eng Contributioun an Héicht vun 300 Milliarden eens gi waren.

600 amplaz 64 Milliounen Euro

D'ONG ASTM hofft elo, datt déi industrialiséiert Länner sech am November a Brasilien op der COP30 iwwer méi een héije Montant kënnen eenegen. An deem Sënn ass et den Opruff vun der ASTM un d’Lëtzebuerger Regierung, déi international Initiative "Baku to Belem Roadmap to 1,3 Billiounen" ze ënnerstëtzen.

D’Contributioun vum Grand-Duché fir d’Länner aus dem Süde bei der Upassung un d’Klimachangementer ze ënnerstëtzen, soll op 600 Milliounen Euro eropgesat ginn, freet d’ASTM. Aktuell läit de Bäitrag bei ronn 64 Milliounen Euro d’Joer.

Ze niddreg Ziler wat d'Zäregasemissiounen ugeet

Eng weider Kritik gouf et um Méindegnomëtteg virun der Press vun der ASTM, datt d’Zäregasemissioune weltwäit nach ëmmer an d’Luucht ginn. Och d’EU hätt sech ze niddereg Ziler gesat fir dem Klimawiessel entgéintzewierken.

Fir den Ament géif een d’Zil vun der globaler Äerderwiermung ëm 1,5 Grad bis Enn dës Joerhonnerts verfeelen. Et géif een a Richtung 2,5 Grad Celsius goen.