arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Waasserwirtschaftsamt: Aktuell Dréchent ass nach kee Grond fir Alarm ze schloen

Klima

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Waasserwirtschaftsamt: Aktuell Dréchent ass nach kee Grond fir Alarm ze schloen

Am franséischen Departement Meurthe-et-Moselle ass d'Vigilance sécheresse ausgeruff ginn. D'Bewunner:innen a Professioneller ginn dozou opgeruff spuersam mam Waasser ëmzegoen. Och zu Lëtzebuerg waren déi lescht Méint zimmlech dréchen. Mee wéi geet Lëtzebuerg vir, wann et knapp gëtt mam Waasser?

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow
© picture alliance/dpa | Markus Scholz
(Foto: picture alliance/dpa | Markus Scholz)

Net wäit vu Lëtzebuerg fort, am franséischen Departement Meurthe-et-Moselle, ass d'Vigilance sécheresse ausgeruff ginn. Dat, well déi lescht Méint relativ sonneg an dréche waren. D'Waasserreserve géifen also lues a lues manner ginn, esou d'Autoritéiten. Elo wëllt d'Departement preventiv handelen. D'Bewunner:innen a Professioneller ginn dozou opgeruff spuersam mam Waasser ëmzegoen.

Water Safety Plans

Och zu Lëtzebuerg waren déi lescht Méint zimmlech dréchen. Beispillsweis war de Mäerz zënter den éischte Miessungen am Joer 1947 dee Mount mat deene meeschte Sonnestonnen. 

Lëtzebuerg huet ee proaktiven Usaz, wann et ëm d'Waasserversuergung geet. Gemengen a Syndikater, déi dofir verantwortlech sinn, entwéckelen zënter 7 Joer sougenannte Water Safety Plans, esou d'Brigitte Lambert, Cheffin vun der Unitéit Grondwaasser an Drénkwaasser beim Waasserwirtschaftsamt.

"Dat ass eigentlech eng technesch Bestandsopnam vun den Infrastrukture fir d'Drénkwaasser. An et geet eigentlech drëm, fir seng Infrastrukturen esou gutt ze kennen. Dann awer och Mesuren definéiert, fir déi Risiken ze beherrschen an déi Risiken eeben aus der Welt ze schafen am Virfeld."

Aktuell Dréchent net Deel vun den Noutfäll

Wann et knapp gëtt mam Waasser sinn d’Gemenge responsabel fir och am Noutfall d'Waasserversuergung fir d'Consommatioun an d'Hygiène ze garantéieren. Een Noutfall trëtt zum Beispill an, wann d'Waasser kontaminéiert ass oder et zu Leitungsbréch kënnt.

"Wann dat kritesch Versuerger sinn, da musse si jo déi Plans de sécurité de continuité d'activité ausschaffen, wou si och mussen 72 Stonne gewärleeschten. Wann et wierklech zu engem Noutfall kënnt, da muss e gewëssene Grondbedarf kënnen un Drénkwaasser gedeckt ginn."

Déi aktuell Dréchent gehéiert net zu deenen Noutfäll, well hei kann d'Situatioun iwwer eng länger Zäit suivéiert ginn, erkläert d'Brigitte Lambert.

Grondwaasserniveauen am grénge Beräich

Den Ament ass Lëtzebuerg nach gutt bedéngt: Dat gesäit ee beispillsweis unhand vun de Grondwaasserniveauen. Déi waren de Miessunge vum Waasserwirtschaftsamt am Februar no esouguer iwwer dem grénge Beräich.

Déi lescht zwee Wanteren an de Summer zejoert hätte fir eng gutt Grondsättegung gesuergt. Quellewaasser, eng Zort Grondwaasser, ass virun allem wichteg, well d'Majoritéit vum Drénkwaasser doraus gewonne gëtt. Dem Brigitte Lambert no wier dës gutt Grondsättegung awer och mat Virsiicht ze genéissen.

"Wann déi Tendenz, déi sech elo am Fréijoer agestallt huet, sollt am Summer weidergoen, da wäert d'Recharge vum nächste Wanter ganz spéit ufänken. Dat ass eng Situatioun, déi mir an deene leschte Jore schonn e puermol haten, wou d'Recharge net am Oktober, November konnt ufänken, mee eréischt am Januar vum Joer drop."

An enger Phase orange oder rouge kéinten d'Gemenge Waasserspuermoossnamen obligatoresch maachen. Déi Moossnamen dierfen d'Gemengen dann och kontrolléieren a sanktionéieren, wa se net agehale ginn. 

 

play_arrow Lauschteren