arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Sensibiliséierungscampagne fir de Schutz vu Waasser

One water – Mir si Waasser

|
headphones

3 min

Nei Sensibiliséierungscampagne fir de Schutz vu Waasser

D'Associatioun CELL (Citizens for Ecological Learning and Living) lancéiert zesumme mat der Waasserverwaltung eng nei Campagne fir Bierger:innen zum Sujet Waasser ze sensibiliséieren.

headphones

3 min

© Administration de la gestion de l'eau (AGE)
(Foto: Administration de la gestion de l'eau (AGE) )

D'Campagne besteet aus dräi Haaptpunkten: Wéi kann ee Waasser méi effizient benotzen? Een anert Theema ass fir de Baachen a Flëss méi Fräiheet ze ginn, fir sech erëm méi naturno entwéckelen ze kënnen. An dat drëtt Theema ass, wéi ee Pollutiounen an de Gewässer reduzéiere kann. An dobäi geet et drëm, mat wéi enge Gesten déi eenzel Leit eppes bäidroe kënnen.  

Kultur vum Waasser

D'Campagne soll d'Mënschen informéieren a sensibiliséieren an zu enger "Kultur vum Waasser" féieren.

D'Mënschen dierften d'Waasser net méi als onbegrenzten a gratis Ressource ugesinn, mee als e Bien commun, deen et ze schütze gëllt, esou d'Aline Ouvrard vu CELL.

E puer Beispiller op déi jidderee kéint oppassen: Keng toxesch Botzmëttele benotzen, Kleeder aus Naturfaser privilegéieren, keng Pestiziden am eegene Gaart benotzen a sou weider. Den Auto doheem amplaz an enger Wäschanlag ze wäschen, kascht iwweregens fënnef Mol méi Waasser, esou nach d'Aline Ouvrard.

play_arrow D'Aline Ouvrard

Net nëmmen deen Eenzele mee och d'Politik

Fir d'Waasserqualitéit ze verbessere géifen et eng Hellewull Acteure ginn, déi gefrot wieren an déi mat verantwortlech wieren. Dës Campagne wier just een Deel dovunner a géif sech geziilt un d'Bevëlkerung riichten. Esouwuel d'Landwirtschaft wéi och d'Politik wieren och gefuerdert, esou d'Anne-Marie Reckinger, Directrice adjoint vun der Waasserverwaltung.

“A mir wëllen eeben nach eng Kéier méi staark sensibiliséieren, datt d’Leit vläicht ëmdenken.”

De Gewässer an dem Grondwaasser geet et net gutt

D'Qualitéitsanalysen aus dem leschte Bewirtschaftungsplang weisen, datt et de Gewässer an dem Grondwaasser zu Lëtzebuerg net gutt geet.

D'Qualitéit vun de Gewässer an dem Grondwaasser gëtt duerch eng EU-Direktiv gereegelt. Ass déi néideg Qualitéit net erreecht, musse Mesuren opgesat ginn, fir dës ze verbesseren.

Déi nei lancéiert Campagne “One water - Mir si Waasser" vun der Waasserverwaltung an Zesummenaarbecht mat CELL ass een Deel vun esou enger Mesure.

Am Kader vun där Campagne wier nieft der Informatioun an der Sensibilisatioun awer och geplangt de Public geziilt ze consultéieren, seet d'Anne-Marie Reckinger. Fir den nächste Bewirtschaftungsplang opzesetze géif een en Dokument ausschaffe mat den Haaptfacteuren, déi zu enger méi schlechter Waasserqualitéit féieren. Dat Dokument soll dann dem Public zur Consultatioun presentéiert ginn.

“Am Kader vun där Consultation du public ka jiddereen, also ee Ministère, eng Verwaltung, eng Gemeng, awer och e Bierger oder jiddereen, deen interesséiert ass, eng ONG, eis eng Stellungnam dozou eraschécken an zum Beispill soen, menger Meenung no, hutt Dir dëst oder dat Theema vergiess oder ech sinn do net d'Accord oder ech fannen do kéint ee nach vill méi maachen.”

Weider Informatioune fënnt een um Internetsite www.waasser.lu